Tessy Scholtes
D'Tessy Scholtes, gebuer den 1. Juni 1981 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sportsprofessesch a fréier lëtzebuergesch Karateka an Deputéiert (CSV).
PolitikÄnneren
Si huet bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 am Bezierk Zentrum op der Lëscht vun der CSV kandidéiert, gouf awer net direkt gewielt. Den 3. Mee 2011 ass si an d'Chamber 'nogerëtscht' op d'Plaz vum Mill Majerus, dee bei engem Accident leie bliwwe war.[1]. Bei de virgezunnene Chamberwale vum Oktober 2013 gouf si net erëmgewielt.
Palmarès am KarateÄnneren
Medailen | Datum | Klass | Kategorie | Kompetitioun | Stad |
---|---|---|---|---|---|
Sëlwermedail | Mee 2001 | Kumite eenzel open | Seniors | Europameeschterschaft 2001 | Sofia Bulgarien |
Sëlwermedail | August 2001 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Seniors | Weltspiller 2001 | Akita Japan |
Goldmedail | Februar 2002 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Juniors | Europameeschterschaft 2002 (Juniors a Cadets) |
Koblenz Däitschland |
Bronzemedail | Mee 2002 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Seniors | Europameeschterschaft 2002 | Tallinn Estland |
Sëlwermedail | November 2002 | Kumite eenzel open | Seniors | Weltmeeschterschaft 2002 | Madrid Spuenien |
Bronzemedail | Mee 2003 | Kumite eenzel iwwer 60 kg | Seniors | Europameeschterschaft 2003 | Bremen Däitschland |
Virdrun | Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Ni Xia Lian | 2002 | Claudine Schaul |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Chamber: Tessy Scholtes hëlt Mandat als CSV-Deputéiert un" RTL.lu, 29.04.2011, 11:43 - Fir d'lescht aktualiséiert: 29.04.2011, 11:50.