Claude Haagen

lëtzebuergesche Politiker, Enseignant a Sportler

De Claude Haagen, gebuer den 18. Mee 1962 zu Dikrech, ass e lëtzebuergeschen Enseignant, Politiker (LSAP).

Claude Haagen
Gebuer 18. Mee 1962
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Handballspiller
Partei LSAP

Politesch Karriär änneren

Hie war vun 2001 bis 2005 Buergermeeschter vun der Gemeng Dikrech, dono war hien, bis 2011, Member vum Dikrecher Gemengerot, an dann nees vun 2011[1] (2017 erëmgewielt[2]) bis Enn 2021, Buergermeeschter.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war de Claude Haagen Kandidat op der LSAP-Lëscht fir den Nord-Bezierk. Hien ass an d'Chamber 'nogeréckelt', nodeem de Romain Schneider zum Minister ernannt gi war. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien erëmgewielt, a bei deene vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember nees fir de Romain Schneider 'nogeréckelt'.[3]

De 5. Januar 2022 ass hien erëm eng Kéier fir de Romain Schneider 'nogeréckelt', ma ewell an d'Regierung, wou en dem Schneider, deen zeréckgetruede war, seng Portefeuillë Landwirtschaft a Sozialversécherung iwwerholl huet.[4]

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt.[5]

Hie war ausserdeem vu Mäerz 2014[6] bis Januar 2019 Parteipresisdent vun der LSAP.[7]

Sportlech Karriär änneren

1982 war de Claude Haagen fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 65-mol an der Nationalekipp gespillt, an huet 29 Goler geschoss[8].

Vun 2010 bis 2018 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme[9].

Um Spaweck änneren

Commons: Claude Haagen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Arrêté grand-ducal du 28.10.2011
  2. "Claude Haagen bleift Buergermeeschter." rtl.lu, 8.10.2017, 16:24:01.
  3. Actualité of chd.lu.
  4. "Les nouveaux ministres prêteront serment le 5 janvier." paperjam.lu, 30.12.2021,
  5. elections.lu.
  6. "LSAP: Claude Haagen neie Parteipresident." rtl.lu, 30.03.2014, 18:26:15.
  7. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
  8. Archive copy Gearchiveerd op 2017-06-29. Gekuckt de(n) 2017-06-29.
  9. Stéphanie Empain ouni Géigekandidatur als Presidentin gewielt op rtl.lu den 1. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018