Nicolas Schmit
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Nicolas Schmit. Fir den Architekt, kuckt wgl. Nicolas Schmit-Noesen. |
Den Nicolas Schmit, gebuer den 10. Dezember 1953 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker. Hien ass zanter dem 1. Dezember 2019 Commissaire fir Beschäftegung, Soziales an Integration an der Kommissioun von der Leyen I.[1]
Nicolas Schmit | |
---|---|
Gebuer |
10. Dezember 1953 Déifferdeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Institut d'études politiques d'Aix-en-Provence, Universitéit Paul-Cézanne |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
Partei | LSAP |
Liewen a Karriär
ännerenDen Nicolas Schmit huet Ekonomie an Droit zu Paräis studéiert a säi Studium mat engem DEA an Internationale Bezéiungen an engem Doktorat an der Ekonomie ofgeschloss.
Tëscht 1978 an 1979 war hie "Chargé de recherche" an internationale Wirtschaftsbezéiungen op der Universitéit zu Aix.
Vun 1979 bis 1983 war hien Attaché am Staatsministère, ier en dunn als Legatiounssekretär an den Ausseministère gewiesselt ass. 1984 gouf hien dem Jacques Poos säi Kabinettschef.
1989 gouf hie Sekretär vun der LSAP-Chambersfraktioun a gouf 1990 Conseiller bei der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun (EU) zu Bréissel.
De 27. Oktober 1991 gouf den Nicolas Schmit Member vum Staatsrot an ass dat bliwwe bis zu senger Demissioun den 30. Juli 2004 fir Member vun der Regierung ze ginn[2].
Vun 1992 bis 1998 war hien Direkter am Ausseministère an zoustänneg fir auswäerteg Handelsbezéiungen a Kooperatioun.
1998 gouf hien zum Stännege Vertrieder (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei der EU ernannt.
Tëscht 2004 an 2009 war den Nicolas Schmit Delegéierte Minister am Ausseministère a Ministère fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, war hie vun 2009 bis 2013 Minister fir Aarbecht an Immigratioun.
Hie gouf bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an d'Chamber gewielt, huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir op en Neits de 4. Dezember 2013 an der Regierung Bettel-Schneider Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft ze ginn. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt[3], huet awer nees der Tess Burton säi Sëtz iwwerlooss, fir 2019 lëtzebuergesche Commissaire an der neier Europäescher Kommissioun ze ginn[4].
Am Juni 2019 huet hie fir d'Europawale kandidéiert a gouf als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten an d'Europaparlament gewielt[5].
Den 10. September 2019 gouf hie vun der designéierter Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, zum zukünftege Commissaire fir Beschäftegung ernannt.[6] De Marc Angel ass du fir hien am Europaparlament nogeréckelt.
Den Nicolas Schmit ass bestuet a Papp vu véier Kanner.
Gielchen
änneren- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2002)[7]
Literatur
änneren- Pol Schock: "Ein Mann will nach oben. Über dier erstaunliche Karriere von Nicolas Schmit. Oder: Wie ein Diplomat aus Versehen Politiker wurde." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.37, 13. September 2019, S. 5.
Um Spaweck
ännerenCommons: Nicolas Schmit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Fiche op europa.eu.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ elections.lu.
- ↑ "LSAP-Fraktion: Schmit verzichtet für Tess Burton." wort.lu, 06.12-2018.
- ↑ Élections européennes 2019 - Candidats élus op elections.public.lu, gekuckt de 27. Mee 2019
- ↑ Fiche op europa.eu.
- ↑ Rapport d'activité vum Ministère d'Etat vun 2002 op gouvernement.lu