Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei
CSV ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner CSV (Homonymie) |
D'Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei[1] (kuerz: CSV) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei | |
---|---|
Ofkierzung | CSV |
President | Luc Frieden |
Vizepresidentinnen |
Martine Hansen Christian Weis |
Generalsekretär |
Alex Donnersbach Françoise Kemp |
Tresorier | Thierry Schuman |
Gegrënnt |
Dezember 1944 (modern) 16. Januar 1914 (historesch) |
Parteizentral |
4, Waassergaass L-1449 Lëtzebuerg |
Jugendorganisatioun | Chrëschtlech-Sozial Jugend |
Fraenorganisatioun | Chrëschtlech-Sozial Fraen |
Ideologie |
Chrëschtlech Demokratie Konservatismus |
Politesch Positioun | Mëtt-riets |
Europäesch Affiliatioun | EVP |
International Affiliatioun | Chrëschtlech Demokratesch International |
Europäesch Parlamentsgrupp | EVP |
Faarf | Orange |
Slogan | Kloer, no & gerecht |
Chamber |
21/60 Sëtz |
Europaparlament |
2/6 Sëtz |
Websäit | https://csv.lu/ |
Geschicht
ännerenAm Dezember 1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, huet sech déi fréier konservativ Rietspartei nei constituéiert an a Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) ëmbenannt. Dofir gëllt dacks als hire Grënnungsdatum dee vun der Rietspartei: de 16. Januar 1914.[2],[3] Bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 krut d'CSV 25 vun 51 Sëtz.
Bis 1974 war d'CSV an engem Stéck, a Koalitioun meeschtens mat der DP, mä och alt mat der LSAP, an der Regierung. 1974 bis 1979 war se eng éischt Kéier an der Oppositioun. Duerno war se nees 34 Joer den Haapt-Koalitiounspartner an de sukzessive Regierunge mat haaptsächlech der LSAP, 1979-1984 an 1999-2004 och der DP, als Partner. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 koum et fir d'zweet nom Zweete Weltkrich zu enger Koalitioun ouni d'CSV. Eréischt bei de Wale vum 8. Oktober 2023 huet d'Resultat nees eng Regierung ervirbruecht, an där d'CSV (Haapt)koalitiounspartner war.
Parteipresidenten
änneren- Émile Reuter (1945 - 1964)
- Tony Biever (1964 - 1965)
- Jean Dupong (1965 - 1972)
- Nicolas Mosar (1972 - 1974)
- Jacques Santer (1974 - 1982)
- Jean Spautz (1982 - 1990)
- Jean-Claude Juncker (1990 - 1995)
- Erna Hennicot-Schoepges (1995 - 2003)
- François Biltgen (2003 - 2009)
- Michel Wolter (2009 - 2014)
- Marc Spautz (2014 - 2019)
- Frank Engel (2019 - 2021)
- Claude Wiseler (2021 - 2022)
- Claude Wiseler (2022 - 2023[4]) Elisabeth Margue (2022 - 2024)
- Luc Frieden (zanter 2024[5])
Generalsekretären
änneren- Lambert Schaus (1945 - 1946 an 1948 - 1951)
- Pierre Grégoire (1952 - 1960)
- Nicolas Mosar (1960 - 1972)
- Jacques Santer (1972 - 1974)
- Jean Weber (1974 - 1977)
- Jean-Pierre Kraemer (1977 - 1984)
- Willy Bourg (1984 - 1990)
- Camille Dimmer (1990 - 1995)
- Claude Wiseler (1995 - 2000)
- Jean-Louis Schiltz (2000 - 2006)
- Marco Schank (2006 - 2009)
- Marc Spautz (2009 - 2012)
- Laurent Zeimet (2012 - 2019)
- Félix Eischen (2019 - 2020)
- Paul Galles (2020 - 2021)
- Christophe Hansen (2021 - 2022)
- Christophe Hansen a Stéphanie Weydert (2022 - 2024)
- Alex Donnersbach a Françoise Kemp (zanter 2024)
Presidente vun der CSV-Chamberfraktioun
änneren- Tony Biever (1959 - 1974)
- Pierre Werner (1974 - 1979)
- Nicolas Mosar (1979 - 1984)
- François Colling (1984 - 1995)
- Lucien Weiler (1996 - 2004)
- Michel Wolter (2004 - 2009)
- Jean-Louis Schiltz (2009 - 2011)
- Lucien Thiel (2011 - 2011)
- Marc Spautz (2011 - 2013)
- Gilles Roth (2013)
- Jean-Claude Juncker (2013 - 2014)
- Claude Wiseler (2014 - 2018)
- Martine Hansen (2018 - 2023) a Gilles Roth (2021 - 2023)
- Marc Spautz (zanter 2023)
Sëtz vun der CSV an der Chamber 1945-2023 | ||
---|---|---|
Joer | Sëtz | vun am Ganzen |
1945 | 25 | 51 |
... | ||
1954 | 26 | 52 |
1959 | 21 | 52 |
1964 | 22 | 56 |
1968 | 21 | 56 |
1974 | 18 | 59 |
1979 | 24 | 59 |
1984 | 25 | 64 |
1989 | 22 | 60 |
1994 | 21 | 60 |
1999 | 19 | 60 |
2004 | 24 | 60 |
2009 | 26 | 60 |
2013 | 23 | 60 |
2018 | 21 | 60 |
2023 | 21 | 60 |
Sëtz am Europaparlament
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Sëtz vun der CSV am Europaparlament zanter 1979 | ||
---|---|---|
Joer | Sëtz | vun am Ganzen |
1979 | 3 | 6 |
... | ... | 6 |
2024 | 2 | 6 |
Memberen
ännerenEegenen Aussoen no huet d'CSV 10.303 Memberen (Stand 30/09/2014), dovu sinn 3.653 Fraen (35,5 %) a 6.650 Männer (64,5 %). 9 % vun de Membere hu bis 33 Joer, 54,5% sinn tëscht 33 a 65 Joer al, a 36,5 % hunn iwwer 65 Joer.[6]
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Literatur
änneren- Schaus, Émile, 1974. Ursprung und Leistung einer Partei: Rechtspartei und Christlich-Soziale Volkspartei 1914-1974. Luxemburg: Imprimerie Saint-Paul.
- Trausch, Gilbert, ed. 2008. CSV: Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert. Luxembourg: Imprimerie Saint-Paul.
- Luxemburger Wort vum 16. Januar 2014, S. 2-4: Von der Widerstands- zur Volkspartei (Heute vor 100 Jahren wurde die Vorläuferpartei der CSV gegründet)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Schreifweis steet an de Statute vun 2013 am Artikel 1.1
- ↑ Quell: Radio 100,7, Noriichten um 8 Auer vum 16.01.2014.
- ↑ Cf. Div. Auteuren, 1974. 60 Jahre CSV am 14. Januar 1974: Rückblenden und Berichte zum Jubiläum der CSV wie sie im "Luxemburger Wort" veröffentlicht wurden. Texter: Emile Burggraff, Emile Schaus, Gilbert Trausch. Luxemburg: [CSV], 1974, Luxemburg, impr. Saint-Paul. 45 p.
- ↑ huet de 27.11.23 als Co-President demissionéiert, well d'Plaz net mat där vu Chamberpresident kompatibel ass (Quell: RTL.lu)
- ↑ (lb)CSV-Nationalkongress: E Premier, deen och d'Partei wëllt presidéieren. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 16.03.2024.
- ↑ "CSV: Partei gesäit sech als gréisst Biergerinitiativ am Land." rtl.lu, leschten Update: 09.10.2014, 12:55:32.