De Paul-Henri Meyers, gebuer den 1. Januar 1937 zu Bënzelt, ass e lëtzebuergesche Affekot a Politiker (CSV).

Paul-Henri Meyers
Gebuer 1. Januar 1937
Bënzelt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Vun 1982 bis 1999 war hie President vun der Privatbeamtepensiounskees.

Vun 1985 bis 1999 war de Paul-Henri Meyers Member vum Staatsrot.

Hien ass zanter dem 12. August 1999 Deputéierten an der Chamber, wuer en zanterhier all Kéier, fir d'lescht 2013, erëmgewielt gouf.

Vum 14. Juni 1982 bis den 18. Februar 2011 war hie Member vum Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg, wou hien du vum Claudine Konsbruck ersat gouf. Vum 6. Januar 1997 bis den 28. November 2005 war hien do, als Schäffen, Member vum Schäfferot.

Vun 1999 bis 2023 war hie President vun der Stëftung Hëllef doheem.[1]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. "Stëftung Hëllef Doheem: De Paul-Henri Meyers leet säi Mandat als President néier." rtl.lu, 05.07.2023.
  2. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn