Haaptmenü opmaachen

De Jean Asselborn, gebuer de 27. Abrëll 1949 zu Stengefort, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP). Hien ass zanter 2004, zulescht zanter dem 5. Dezember 2018 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz, Ausseminister vu Lëtzebuerg.

Jean Asselborn
Informal meeting of ministers for foreign affairs (Gymnich). Arrivals Jean Asselborn (36927346612) CROPPED.jpg
Gebuer 27. Abrëll 1949
Stengefort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Université Nancy-II
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Jurist
Partei LSAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

CarrièreÄnneren

1967 huet de Jean Asselborn mat der Schoul opgehalen a goung an de Laboratoire vum Pneueproduzent Uniroyal schaffen. Hien huet sech fréi an der Gewerkschaftsbewegung engagéiert a gouf Representant vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband.

1968 gouf hie Gemengebeamte vun der Stad Lëtzebuerg, an 1969 vun der Gemeng Stengefort.

1976 huet hie seng Première am Kolléisch an der Stad gemaach, op déi e sech an Owescourse preparéiert hat. Hien huet dunn an der Verwaltung vum Stengeforter Spidol geschafft. Duerno huet hie sech op der Universitéit Nanzeg ageschriwwen an do 1981 eng Maîtrise a Privatrecht gemaach.

Tëscht 1982 an 2004 war de Jean Asselborn Buergermeeschter vu Stengefort.

1984 gouf de Jean Asselborn op der Lëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt an zanterhier all Kéier erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018[1]. 1989 gouf hie Fraktiounspresident vun der LSAP an der Chamber, an 1997 Parteipresident. Tëscht 1999 an 2004 war hie Vizepresident vun der Chamber. Hie war och Member vum Comité vun de Regiounen a Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei.

Vun 2004 bis 2009 a vun do bis 2013 war de Jean Asselborn Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I an II. 2013 huet hien an der Regierung Bettel-Schneider d'Portefeuillë vum Ausseminister a Minister fir Immigratioun an Asyl bäibehalen. Déi selwecht Portefeuillen huet hien zanter 2018 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

PrivatesÄnneren

De Jean Asselborn ass mat der Sylvie Huber bestuet, déi och op lokalpoliteschem Plang aktiv ass. Si war am Stengeforter Gemengerot an eng Zäit laang Schäffin. D'Koppel huet zwou Duechteren.

GielercherÄnneren

LiteraturÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Jean Asselborn – Biller, Videoen oder Audiodateien


ReferenzenÄnneren