Fernand Boden

lëtzebuergesche Politiker

De Fernand Boden, gebuer den 13. September 1943 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Politiker[1].

Fernand Boden
Gebuer 13. September 1943
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Fernand Boden huet seng Première am Lycée classique zu Iechternach gemaach an duerno op de Cours supérieurs an op der Universitéit vu Léck Mathematik a Physik studéiert, wouran en e lëtzebuergeschen Doktorat huet (duerch d'Gesetz vun der 'Collation des grades'). Tëscht 1966 an 1978 war hie Professer am Iechternacher Lycée.

Seng politesch Karriär huet en 1970 als éischte Schäffe vun Iechternach ugefaangen (bis 1976). 1978 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber nogeréckelt a gouf 1979 erëmgewielt.

Hie war vum 17. bis den 19. Juli 1979 Deputéierten am Europaparlament[2].

Hie gouf Minister fir Erzéiung, Jugend an Tourismus an der Regierung Werner-Thorn-Flesch. Dës Portefeuillen huet en och vun 1984 bis 1989 an der Regierung Santer-Poos I bäibehalen.

1989 gouf de Fernand Boden Minister fir Familljen a Solidaritéit, Mëttelstand an Tourismus an der Regierung Santer-Poos II. 1994 koum d'Fonction Publique dobäi. De 26. Januar 1995 gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister, an d'Ministeschposte goufe geännert. De Fernand Boden gouf Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung, fir Mëttelstand an Tourismus a fir Wunnengsbau.

Tëscht 1999 an 2004, an der Regierung Juncker-Polfer, an tëscht 2004 an 2009, an der Regierung Juncker-Asselborn I, huet de Fernand Boden déi selwecht Portefeuillë bäibehalen.

No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war de Fernand Boden, bis de 7. Oktober 2013, Deputéierten an der Chamber.

Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Auszeechnungen

änneren

Referenzen

änneren
  1. De Fernand Boden um Site vum Europap-Parlament
  2. Les anciens Députés luxembourgeois op der Websäit vum Europaparlament
  3. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022