Anne Brasseur

lëtzebuergesch Politikerin (DP)

D'Anne Brasseur, gebuer den 19. Mee 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch DP-Politikerin.

Anne Brasseur
Gebuertsnumm Anne Justine Brasseur
Gebuer 19. Mee 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Psycholog
Partei Demokratesch Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Si war vun 2014 bis 2016 Presidentin vun der Parlamentarescher Assemblée vum Europarot.

Biographie änneren

D'Anne Brasseur staamt aus enger liberaler Famill aus der Groussgaass an huet 1969 hir Première am deemolege Meedercheslycée um Lampertsbierg gemaach. Nodeem si zu Tübingen a Mannheim Psychologie studéiert huet an 1975 hiren Diplom krut, huet si beim Service de Psychologie et d'Orientation scolaires zu Esch-Uelzecht am Jongelycée an an der Beruffsschoul geschafft. Vun 1976 bis 1979 war se Direktesch vum Service central d'Assistance sociale vum Parquet an der Stad Lëtzebuerg.

1975 ass d'Anne Brasseur an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn. 1979 gouf si op der Lëscht vun der DP an d'Chamber gewielt. Zäitweileg war si och Member vun der Assemblée vun der NATO, der Assemblée parlementaire vum Europarot an der WEO, an dem Comité vun de Regiounen. Vun 1980 bis 1994 war si Presidentin vun der Association des Femmes Libérales.

Vun 1991 bis 1999 war d'Anne Brasseur Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg an zoustänneg fir Bauten, Verkéier a Sport. No de Chamberwale vum 13. Juni 1999 gouf si Ministesch fir Erzéiung, Beruffsausbildung a Sport an der Regierung Juncker-Polfer.

2005 gouf si an de Stater Gemengerot erëmgewielt; si hat dat Mandat bis September 2009.[1]

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004, wéi och deene vun 2009 an 2013, gouf d'Anne Brasseur an d'Chamber erëmgewielt. Am Januar 2014 gouf si zu der Presidentin vun der Parlamentarescher Assemblée vum Europarot gewielt, déi sech aus Deputéierte vun den nationale Parlamenter zesummesetzt.[2] 2015 krut se dëst Mandat ëm ee Joer, bis 2016, verlängert.

Den 31. Januar 2018 huet si op hiert Deputéiertemandat zu Gonschte vum Frank Colabianchi verzicht, deen als Nächstgewielte vun der DP-Lëscht am Bezierk Zentrum an d'Chamber nogeréckelt ass.[3]

Vun 2004 bis 2010 war si 1. Vizepresidentin vun der DP.

D'Anne Brasseur war och eng Zäit laang Presidentin vum SICEC[4]

D'Anne Brasseur huet eng Duechter.

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Anne Brasseur nimmt Abschied von der Gemeindepolitik." wort.lu 22.09.2009 07:38, aktualiséiert 22.09.2009 07:43.
  2. "Assemblée Parlementaire vum Europarot: Anne Brasseur gewielt!" rtl.lu, 27.01.2014, 13:31.
  3. "Anne Brasseur zieht sich zurück." wort.lu, 16. Januar 2018 um 14:49.
  4. http://differdange.espace-net.lu/index.php/categories_view/category/syndicats_communaux/123/
  5. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  6. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn