Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Serge Urbany, gebuer den 13. Februar 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréiere Politiker.

Serge Urbany
Gebuer 13. Februar 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei KPL, Déi Lénk

1969 ass hie Member vun der Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) ginn, vun där hien 1979 Parteisekretär gouf.

Vun 1975 bis 1993 war hie Conseiller am Gemengerot vu Suessem. Well hien 1994 op der Lëscht vun der Nei Lénk kandidéiert huet, gouf hie vun der KPL ausgeschloss.

1999 gouf hien de parlamentaresche Sekretär vun der neigegrënnter Déi Lénk.

Vun 2002 bis 2004 war hien Deputéierten an der Chamber. De 16. November 2011 gouf hien nees Deputéierten am Parlament, wou en dem André Hoffmann säi Sëtz, deen demissionéiert huet, iwwerholl huet. Den 20. Oktober 2013 gouf en duer erëmgewielt. No zweeanenhallwem Joer, an der Hallschecht vun sengem Mandat, huet hien dëst den 20. Abrëll 2016 un de Marc Baum viruginn.[1]

De Serge Urbany war Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg. Hie gouf duerno Verantwortleche vum juristeschen Departement beim Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. "Marc Baum, nouveau député de Déi Lénk." op chd.lu, 20.4.2016.
  2. Lëscht vun de Leit déi 2015 am Staatsministère mat engem nationalen Uerden dekoréiert goufen publizéiert op www.tageblatt.lu