Mady Delvaux-Stehres

lëtzebuergesch Politikerin

D'Madeleine Anne ("Mady") Delvaux-Stehres, gebuer den 11. Oktober 1950, ass eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.

Mady Delvaux-Stehres
Gebuer 11. Oktober 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Sorbonne – Paris IV
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

D'Mady Delvaux-Stehres huet no hirem Lycée op der Sorbonne zu Paräis klassesch Literatur studéiert a war duerno bis 1989 Professesch am Lycée Michel Rodange an der Stad Lëtzebuerg.

1974 ass si an d'LSAP agetrueden a war do fir d'éischt aktiv bei de Sozialistesche Fraen. 1985 gouf si Member vum Comité directeur vun där Partei a blouf dat bis 1989, wéi se Regierungsmember gouf. 1987 gouf s'an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.

An der Regierung Santer-Poos II vun 1989 gouf si Staatssekretärin fir Gesondheet, Sozialversécherung, Jugend a Sport. No de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf se Ministesch fir Communicatioun, Transport a Sozialversécherung.

1999 goung d'LSAP an d'Oppositioun; d'Mady Delvaux-Stehres ass an d'Chamber an an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt ginn. Si huet an där Zäit eng Maîtrise op der Univeritéit zu Metz an den Technologies de l'Information gemaach.

Vun 2004 bis 2013 war d'Mady Delvaux-Stehres Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung an der Regierung Juncker-Asselborn I, respektiv, vun 2009 un, an der Regierung Juncker-Asselborn II.

Bei de Chamberwalen 2013 huet si net méi kandidéiert,[1] war awer Spëtzekandidatin fir d'Europawalen 2014 vun der LSAP a gouf op deen ee Sëtz, deen hir Partei bei de Wale gewonnen huet, gewielt.[2] 2019 war si net méi Kandidatin, fir erëmgewielt ze ginn. Si studéiert zanter September 2019 Geschicht op der Université libre de Bruxelles.[3]

D'Mady Delvaux-Stehres ass Mamm vun 3 Kanner e.a. vum Léon Delvaux, si ass d'Wittfra vum Michel Delvaux.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "LSAP: D'Mady Delvaux-Stehres geet net méi mat an d'Walen." RTL.lu - 12.07.2013, 11:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2013, 12:40.
  2. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.
  3. "Mady Delvaux drückt wieder die Schulbank." wort.lu, 07.11.2019.
  4. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.
  5. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  6. Bulletin d'information et de documentation Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg: Les négociations de coalition et la formation du nouveau gouvernement