Michel Wolter

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Politiker. Fir de lëtzebuergesche Basketballspiller, kuckt wgl. Michel Wolter (Basketballspiller).

De Michel Wolter, gebuer den 13. September 1962 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e Lëtzebuerger Politiker (CSV).

Michel Wolter
Gebuer 13. September 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Dëschtennisspiller
Partei CSV
Famill
Papp Jean Wolter

De Michel Wolter ass zu Esch-Uelzecht opgewuess an do, an duerno zu Iechternach, an de Lycée gaangen. 1985 huet hien en Ekonomiesstudium zu Paräis op der Sorbonne mat enger Maîtrise ofgeschloss.

Hie schafft an der Privatwirtschaft, a gouf 1984 mat 22 Joer, als bis ewell jéngsten Deputéierten, op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt. Duer gouf en zanterhier allkéiers, fir d'lescht bei deene vum 8. Oktober 2023, erëmgewielt.[2]

Vun 1985 bis 1990 war de Michel Wolter President vun der CSJ, an tëscht 1988 an 1992 war en am Escher Gemengerot. Hien ass op Uewerkäerjeng geplënnert a gouf do 1993 an de Gemengerot gewielt, e Mandat, dat en e bësse méi wéi e Joer ausgeübt huet. De 26. Januar 1995 gouf hien an der Regierung Juncker-Poos Minister vun der Fonction Publique a vun der Verwaltungsreform.

Tëscht 1999 an 2004 war de Michel Wolter Inneminister an der Regierung Juncker-Polfer.

Vun 2004 bis 2009 war e President vun der Chamberfraktioun vun der CSV, a vum 14. November 2009 bis den 8. Februar 2014 war e President vu senger Partei.

De 4. Januar 2010 gouf hie Buergermeeschter vun der Gemeng Nidderkäerjeng (zanter dem 1. Januar 2012 vun der fusionéierter Gemeng Käerjeng).

Vun 1987 bis 1993 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de tennis.

De Michel Wolter ass de Jong vum Jean Wolter. Hien ass bestuet an huet 3 Kanner.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Michel Wolter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Lexikon, S. 471.
  2. elections.lu.
  3. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der säit 94 'Promotion 1994' steet.
  4. Bulletin d'information et de documentation Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg: Les négociations de coalition et la formation du nouveau gouvernement
  5. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn