Josée Lorsché

lëtzebuergesch Politikerin

D'Josée Lorsché, gebuer den 9. September 1961 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng) vu Beetebuerg. Vu Beruff ass si Léierin.

Josée Lorsché
Gebuer 9. September 1961
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei déi gréng

Theemen

änneren

Hir laangjäreg Aarbecht als Léierin an d'Antiatomkraaftbeweegung an den 80er Joren hunn d'Josée Lorsché dozou beweegt sech am Beräich vun der Sozial- an Ëmweltpolitik z'engagéieren. Aner wichteg Theeme fir si sinn d'Integratioun vu Mënsche mat Behënnerung, Altersfleeg, d'Gläichstellung vun homosexuelle Mënschen an och d'Gläichstellung vu Mann a Fra.[1]

Gemengepolitik

änneren

D'Josée Lorsché ass zanter de Gemengewale vun 2005 am Beetebuerger Gemengerot, an do zanter 2011 Schäffin.[2]

Landespolitik

änneren

Si gouf de 6. Juli 2011, wéi si de Jean Huss ersat huet, dee sech zeréckgezunn hat,[3] als Deputéiert aus dem Bezierk Süden an der Chamber vereedegt.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf d'Josée Lorsché erëmgewielt.

Gielercher

änneren

Referenzen

änneren
  1. Josée Lorsché op greng.lu Archivéiert de(n) 2015-07-10. Gekuckt de(n) 2015-07-03.
  2. bettembourg.lu Archivéiert de(n) 2013-06-24. Gekuckt de(n) 2011-06-10.
  3. "Chamber: Lorsché a Léiweng, Gemengewahlen a Staumauer. rtl.lu - 06.07.2011, 16:25 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.07.2011, 08:08
  4. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.