Laurent Mosar

lëtzebuergesche Politiker

De Laurent Mosar, gebuer den 8. Februar 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a vu Beruff Affekot.

Laurent Mosar
Gebuer 8. Februar 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei CSV
Famill
Papp Nicolas Mosar

Hien ass 1994 eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt ginn. 1999 ass en duer nogerëtscht, an e gouf zanterhier, fir d'lescht bei de Walen 2018, ëmmer nees erëmgewielt[1]. Bei de Chamberwalen 2023 gouf hien net direkt gewielt, ma ass nogeréckelt, wéi de Xavier Bettel op säi Mandat verzicht huet, fir e Ministeschposten an der neier Regierung unzehuelen.

Vun 2009 bis 2013 war de Laurent Mosar Chamberpresident.

Zanter 1997 ass de Laurent Mosar Conseiller an der Gemeng Lëtzebuerg, wou hien tëscht 2000 an 2005, an nees zanter 2017[2], (mat enger klenger Ënnerbriechung tëscht Juli an November 2023[3]) Schäffe war, resp. ass.

Hie war am Verwaltungsrot vun der General Mediterranean Holding an ass an deem vun der Bank of China (Europe).

Säi Papp war den Nicolas Mosar.

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Laurent Mosar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. elections.lu.
  2. "7 Buergermeeschteren hunn den Eed ofgeluecht." rtl.lu, 22.11.2017, 19:45:07.
  3. "Bauer ersetzt Wilmes auf dem Posten des Ersten Schöffen." wort.lu [w+], 17.11.2023.
  4. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  5. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/