Marc Spautz
De Marc Spautz, gebuer den 10. Abrëll 1963 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergesche a Gewerkschaftler a Politiker (CSV).
Marc Spautz | |
---|---|
Gebuer |
10. Abrëll 1963 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
Partei | CSV |
Famill | |
Papp | Jean Spautz |
De Marc Spautz huet am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette an am Lycée technique privé Émile Metz eng Ausbildung als Mecanicien gemaach a vun 1978 un an deem Beruff geschafft. 1984-1985 huet hie bei der WSA geschafft, vun 1985-1989 bei der Cegedel. Zu där Zäit huet hie sech gewerkschaftlech engagéiert. 1990-1996 war hie Gewerkschaftssekretär vum LCGB, 1996-1998 Vizegeneralsekretär an 1998-2009 Generalsekretär.[1]
Zanter 1981 ass de Marc Spautz Member vun der CSV. 1994-2013 war hien, an zanter 2017 ass hien nees, am Schëfflenger Gemengerot, 2000-2005, 2011-2013 an nees zanter 2017 als Schäffen[2].
2004 gouf hien eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt[1] a bei deene vun 2009, vun 2013, vun 2018[3] a vun 2023[4] erëmgewielt.
Vum 14. November 2009 bis den 10. Mäerz 2012 war hie Generalsekretär vu senger Partei.[5]
Vum Oktober 2011 bis den November 2013 war hie Fraktiounschef vun der CSV an der Chamber, als Nofollger vum verstuerwene Lucien Thiel.[6]
Den 30. Abrëll 2013 huet hie säi Parlamentsmandat néiergeluecht a gouf als neie Minister an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir Familljen- an Integratiounspolitik, fir Kooperatioun an humanitär Hëllef an d'Bezéiunge mam Parlament, fir déi bis dohin d'Marie-Josée Jacobs, resp. d'Octavie Modert responsabel waren.[7],[8] Déi Regierung gouf schonn am Dezember 2013 vun der Regierung Bettel-Schneider ofgeléist.
De Marc Spautz war vu Februar 2014[9] bis Januar 2019[10], President vun der CSV.
De Marc Spautz ass de Jong vum Jean Spautz.
Gielercher
änneren- Grand-Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[11].
Um Spaweck
ännerenVirgänger: Marco Schank |
Generalsekretär vun der CSV 2009 - 2012 |
Nofollger: Laurent Zeimet |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 Fiche Marc Spautz op gouvernemnet.lu, gekuckt 2013-05-19.
- ↑ Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvrnement.lu, 10.07.2023..
- ↑ elections.lu.
- ↑ (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
- ↑ "CSV: Laurent Zeimet neie Generalsekretär." RTL.lu - 10.03.2012, 08:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2012, 19:20.
- ↑ "Marc Spautz neie Fraktiounspresident bei der CSV." RTL.lu, 11.10.2011, 06:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.10.2011, 12:05.
- ↑ "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
- ↑ "Martine Hansen a Marc Spautz sinn elo offiziell Minister." RTL.lu - 29.04.2013, 18:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:13.
- ↑ "CSV-Nationalkongress: Spautz neie Parteipresident, Zeimet bleift Generalsekretär." rtl.lu, 08.02.2014, 14:41:16.
- ↑ "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
- ↑ modèle {{Lien web}} : paramètre «
url
» manquant « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/Url