Léon Gloden
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Léon Gloden, gebuer den 9. Dezember 1972 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker a Jurist.
Léon Gloden | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
9. Dezember 1972 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | CSV |
Vu Beruff ass de Léon Gloden Affekot. Hie war vun 2000 bis 2011 Conseiller am Gemengerot vun der Gemeng Gréiwemaacher an ass zanterhier do Buergermeeschter.
Als Folleg vun de Chamberwale vum 7. Juni 2009, wou hien op der CSV-Lëscht am Bezierk Osten kandidéiert huet, ass hien, nodeem d'Octavie Modert an d'Françoise Hetto Ministesche goufen, an d'Chamber 'nogeréckelt', wou hien zanterhier Deputéierten ass. Hie gouf bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 erëmgewielt.[1]
Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.
GielercherÄnneren
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[2].