Henri Kox

lëtzebuergesche Politiker

Den Henri Kox, gebuer de 7. Mee 1961 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker vun déi gréng.

Henri Kox
Gebuer 7. Mee 1961
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun RWTH Aachen
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser, Ingenieur
Partei déi gréng

Hien ass Ingenieur a mam Wäibau op der Musel staark verbonnen. Hien huet säi Studium op der RWTH Aachen gemaach a war duerno bis Juli 2004 Professer am Lycée technique des arts et métiers. Hien ass ee vun de Grënnungsmembere vun Eurosolar Lëtzebuerg, a war vun där Vereenegung och den éischte President vun 2002 bis 2019.[1]

Theemen änneren

Hie war vu Kand u vu senger Mamm, der Elisabeth Kox-Risch, hirem Kampf géint déi an den 1970er Jore geplangt Atomzentral zu Remerschen beaflosst, an en huet sech scho fréi fir d'Entwécklung vun erneierbaren Energien agesat. Hie mécht dat op internationalem (President vun Eurosolar Lëtzebuerg), nationalem (an der Chamber) a lokalem (an der Gemeng Réimech) Plang[2].

Gemengepolitik änneren

Den Henri Kox war vun 1999 bis 2017[3] Member vum Gemengerot vu Réimech. No de Gemengewalen 2005 war hie bis 2009 Schäffen a gouf dunn 2009 Buergermeeschter[4]. Bei de Gemengrotswalen 2017 huet seng Partei 2 Sëtz verluer, an den Henri Kox gouf just Véiertgewielten. De Jacques Sitz gouf neie Buergermeeschter[5].

Landespolitik änneren

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 ass den Henri Kox als Deputéierten an d'Chamber gewielt ginn; hie gouf 2009 an 2013 erëmgewielt.

2013 bis 2018 war hie Vizepresident vun der Chamber a President vun der Commission de l'Environnement an zanter 2015 Vizepresident vun der Commission de l'Agriculture, de la Viticulture, du Développement rural et de la Protection des consommateurs[6].

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir d'Carole Dieschbourg, déi Ministesch gouf, 'nogeréckelt'[7] .

Den 11. Oktober 2019 gouf hien, no enger Regierungsëmbildung, neie Minister fir de Logement an delegéierte Minister fir d'bannenzeg Sécherheet an der Regierung Bettel-Schneider-Bausch[8]. Duerch eng weider Regierungsëmbildung huet den Henri Kox den 23. Juli 2020 de Ressort vun der Bannenzeger Sécherheet ganz vum François Bausch iwwerholl[9].

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Luc Laboulle: "Coming Man." d'Lëtzebuerger Land Nr.28, 16.07.2021, S.6. (Portrait)

Um Spaweck änneren

Commons: Henri Kox – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l..
  2. Henri Kox op greng.lu Archivéiert op 2015-07-10. Gekuckt de(n) 2015-07-03.
  3. "Henri Kox renonce à son mandat de conseiller communal." wort.lu, 14 novembre 2017 à 11:58.
  4. Henri Kox op paperjam.lu Archivéiert op 2015-07-10. Gekuckt de(n) 2015-07-03.
  5. "DP an CSV eens zu Réimech, Jacques Sitz Buergermeeschter." rtl.lu, 10.10.2017, 17:39:57.
  6. Henri Kox op chd.lu
  7. Actualité of chd.lu.
  8. "Den designéierte Logementsminister elo offizielle Regierungsmember." rtl.lu, 11.10.2019 09:27.
  9. Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet. gouvernement.lu (23.07.2020). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  10. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/