Norbert Haupert

lëtzebuergesche Politiker a Sportler

Den Norbert Haupert, gebuer den 2. Abrëll 1940 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV), fréiere Sportler a Sportsfonktionnär.[1]

Norbert Haupert
Gebuer 2. Abrëll 1940
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Liichtathleet
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1960
Partei CSV

Uganks Mee 2018 gouf hie vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zum President vum nei gegrënnte Kierchefong ernannt.[2]

Vun 1987 bis 1989 war hien Direkter vum Lycée technique d'Esch-sur-Alzette. Hie war och Administrateur Général am Ministère des Classes Moyennes et du Tourisme.

De Politiker

änneren

Hie war vum 12. August 1999 bis de 7. Oktober 2013 Deputéierten an der Chamber an ass zanter dem 1. Januar 1999 Gemengeconseiller zu Monnerech.

De Sportler

änneren
 
D'Lëtzebuerger Liichtathleeten 1960 um Wee op Roum, vu l. no r.: Ramon Humbert, Norbert Haupert, Jean Aniset, Félix Heintz, Boy Bofferding, Lucien Faber a Charles Sowa

Hie war vun 1973 bis 1979 President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme a vun 1989 bis 1999 President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois. 1999 hat hie seng Demissiounen agereecht, well hien eng politesch Karriär wollt aschloen.

Als aktive Sportler war hien 1961, 1962, 1963, 1966 a 1967 lëtzebuergesche Landesmeeschter op den 800 Meter.

Hien huet 1960 un den Olympesche Spiller zu Roum deelgeholl.[3]

Hie gouf als éischte Liichtathleet 1962 an 1963 zum Sportler vum Joer gewielt.

Gielercher

änneren

Literatur

änneren
  • Jean-Paul Kolbusch: Beachtliches Lebenswerk auf diversen Bühnen, Interview mam Norbert Haupert am Luxemburger Wort vum 21. September 2016, S.43

Kuckt och

änneren
Virdrun    Sportler vum Joer    Duerno
Sylvie Hülsemann 1962 - 1963 Charles Sowa


Referenzen

änneren
  1. Portrait vum Norbert Haupert op der Websäit vun der Chamber
  2. "M. Norbert Haupert nommé Président du « Kierchefong »." Communiqué op cathol.lu, 1. Mee 2018.
  3. Den Norbert Haupert seng Referenze vun den Olympesche Spiller zu Roum 1960op der Websäit sports-reference.com
  4. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' wärend op der Säit 94 'Promotion 1994' steet.]