Ali Kaes
lëtzebuergesche Politiker
Den Ali[1] (oder Aly[2]) Kaes, gebuer de 4. Abrëll 1955 zu Dikrech, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) an Dréier vu Beruff.
Ali Kaes | |
---|---|
Gebuer |
4. Abrëll 1955 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Gewerkschaftler |
Partei | CSV |
Hie war bis 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Tandel, déi den 1. Januar 2006 duerch Fusioun entstane war. Virdru war hien zanter dem 1. Januar 1994 Buergermeeschter vu Baastenduerf, enger vun de fusionéierte Gemengen. Vun 1989 bis 1993 war hien am Baastenduerfer Gemengerot. Bei de Gemengewalen 2023 huet hien net méi kandidéiert.[3]
Den Ali Kaes gouf 2004 eng éischt Kéier als Deputéierte vum Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt an dono, 2009, 2013 an 2018, erëmgewielt.
Den Ali Kaes ass bestuet an huet 2 Kanner.
Gielercher
änneren- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2014)[4].
Um Spaweck
ännerenCommons: Ali Kaes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Site vun der Chamber
- ↑ Site vun der CSV
- ↑ Nadine Schartz: "Vier Bürgermeister aus Majorzgemeinden treten nicht mehr an." wort.lu [w+], 28.04.2023.
- ↑ « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/