D'Biergerlëscht ass eng politesch Gruppéierung, déi zu Lëtzebuerg bei den Europawalen an de Chamberwale vum 7. Juni 2009 eng éischt Kéier kandidéiert huet. Fir d'nationaalt Parlament hat si Kandidatelëschten an de Walbezierker Süden an Norden opgestallt gehat. Och fir d'Gemengewalen vum 9. Oktober 2011 huet si a verschiddene Gemenge Kandidaten opgesat. Bei kenger vun deene Walen ass ee vun hinnen zum Deputéierte respektiv Gemengerot gewielt ginn.

D'Biergerlëscht gouf vum Aly Jaerling gegrënnt, deen 2004 fir d'ADR an d'Chamber gewielt gouf, dës awer wéinst Meenungsverschiddenheete verlooss an de Rescht vun der Legislaturperiod als Deputéierten ouni Partei siegéiert huet. Gläichbehandlung bei de Renten (wéi schonn, wéi de Jaerling nach bei der ADR war), sozial Gerechtegkeet an Anti-establishment-Oppositioun zu de grousse Parteie waren d'Haapttheme vun hirem Walprogramm.[1]

Aner Kandidaten op der Biergerlëscht waren 2009 ë. a. de Luke Haas, Albert Nerini, Pascal Morucutti a Jean Ersfeld.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass d'Biergerlëscht net méi ugetrueden.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Gegen Rentenklau", wort.lu, 4. Abrëll 2009. Archivéiert op 2009-04-05. Gekuckt de(n) 2009-04-13.