Brigitte Urhausen

lëtzebuergesch Schauspillerin a Lauschterspill-Spriecherin

D'Brigitte Urhausen, gebuer de 7. Februar 1980[1][2] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin a Lauschterspill-Spriecherin.

Brigitte Urhausen
Gebuer 7. Februar 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Hochschule für Musik und Darstellende Kunst Stuttgart
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Lauschterspillspriecher

Si huet op der Hochschule für Darstellende Kunst zu Stuttgart hir Ausbildung gemaach. No éischten Engagementer zu Lëtzebuerg, am Staatstheater Stuttgart an am Theater Magdeburg gouf si 2004 beim Pfalztheater zu Kaiserslautern engagéiert. Dono hat si Engagementer beim Badischen Staatstheater Karlsruhe a beim Staatstheater Mainz[3]. Si trëtt weiderhi geleeëntlech op Lëtzebuerger Bünen, an a Filmer an Tëleesfilmer op. Ausserdeem hëlt si Lauschterspiller fir den SWR op an ass Speakerin op Arte[4].

Zanter 2013 ass si Spriecherin fir d'Roll vun der Kommissärin Amalie Gentner an an den Tatort-Lauschterspiller déi vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn[5]. Vun 2020 u spillt si d'Kommissärin Esther Baumann am Ermëttler-Team an den Tatort-Episoden, déi och vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn[3].

D'Brigitte Urhausen wunnt an der Südpfalz.

Filmographie änneren

Theater änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 1,7 Brigitte Urhausen op actors.lu, gekuckt den 8. Mäerz 2019
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 2,8 Brigitte Urhausen op crew.unites.com, gekuckt den 8. Mäerz 2019
  3. 3,0 3,1 "Luxemburger Talent im Saar-'Tatort'. wort.lu, 2019-03-07.
  4. eb-agentur Gearchiveerd op 2012-01-09. Gekuckt de(n) 2011-07-25.
  5. Brigitte Urhausen op ard.de de 5. Mäerz 2018, gekuckt den 1. Mee 2020
  6. Mord Ex Machina - Besetzung und Stab op daserste.de, gekuckt den 8. Mäerz 2019