Den Edouard Pierret, gebuer den 18. Abrëll 1885 zu Bur a gestuerwen de 5. Mäerz 1980 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer an Auteur.[1]

Edouard Pierret
Gebuer 18. Abrëll 1885
Bur
Gestuerwen 5. Mäerz 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Professer am Atheneum änneren

No der Première am Dikrecher Kolléisch huet den Edouard Pierret op de Cours supérieurs an der Stad an dono zu Graz, Paräis a Leipzig Naturwëssenschafte studéiert. Am Oktober 1908 huet hien zu Lëtzebuerg den Doktoratsexamen (Spezialitéit: Biologie) gepackt. Hie gouf Stagiaire an dono Repetent am Atheneum. Am Dezember 1914 krut hien eng Nominatioun als Professer an der Normalschoul. Donieft huet hien och Coursen am Stater Meedercherslycée (1917-1922) an am Atheneum (1922-1940) ginn. 1941 ass hie vum däitschen Okkupant als Professer an der Normalschoul, déi elo «Lehrerbildungsanstalt» geheescht huet, ofgesat ginn. Nom Krich konnt de Pierret nees op säi Posten an der Normalschoul erëmkommen. 1950 ass hien an d'Pensioun gaangen.[1]

Member vun der SNL an dem Institut grand-ducal änneren

Den E. Pierret ass am Januar 1909 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) ginn. Vun 1919 bis de 25. Abrëll 1926 war hie Sekretär vum Veräin; 1946 ass hien Éieremember genannt ginn. Säin Nofollger als Sekretär vun der SNL war de Fritz Schneider.[1]

De Pierret war Membre effectif vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal; hie gouf an der Seance vum 18. Juli 1923 zesumme mat dem Eugène Bisenius, dem Dokter François Delvaux, dem Victor Ferrant, dem Edmond Knaff an dem Pierre Medinger opgeholl.[2]

Auteur vun Artikelen a Bicher änneren

Am Bulletin vun der SNL huet den E. Pierret nieft enger grousser Zuel vu Versammlungs- an Exkursiounsrapporten eng Rei vu Buchbespriechungen a vu populärwëssenschaftlechen oder biographeschen Artikele publizéiert, ë. a. Zur Fettfrage (1918), Le centenaire de Pasteur, 1822-1895 (1923), Les dangers de l'opium (1930), En souvenir de Guillaume Capus (1932), Félix Heuertz, 1877-1947 (1947).[1]

Hie war awer och e Mataarbechter ë. a. vum Journal des Professeurs, der Luxemburger Zeitung an dem Marienkalender. Hien ass den Auteur vun Das Du im Ich und das Ich im Du (1925), eng kritesch Analys vun engem Wierk vum Richard Tengler[3], Professer am Institut fir Parapsychologie vun der Universitéit Wien.[1]

Aner Publikatioune vum Pierret sinn: Der Mensch in gesunden und kranken Tagen (1929), Der andere Goethe (1932, ënner dem Pseudonym: Erich Doermar), eng Analys vum Goethe sengem naturwëssenschaftleche Wierk[4]. Hie war Coauteur vum Bichelchen  Allerhand aus eiser Landwirtschaft an de letzten honnert Jar: historisch-folkloristisch Notize, gesammelt vun: Tony Biwer, Carlo Hemmer, Eduard Pierret, Leander Spartz, J. P. Zanen (1939). A sengem méi literaresche Buch Aus sonnigen Höhen: Flugpostbriefe zur Erinnerung an meine Pfingstferienreise Paris-Prag (1925) erzielt de Pierret ënner dem Pseudonym "Leberecht Guckinsland"[5] vu senger Rees mat der Sabena vu Paräis op Prag.[1]

Literatur änneren

  • Burggraff, E. & R. Neuens, 1975. Professor Edouard Pierret zum 90. Lebensjahr. Luxemburger Wort 1975, Nr. 89 (17. April): 4.
  • Conter, C.D., 2007. Pierret, Édouard. In: Goetzinger, G. & C.D. Conter, Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, S. 476-477. (Online-Versioun).
  • Koch-Kent, H., 1969. Professor Edouard Pierret feierte 84. Geburtstag. Pädagoge hält Rückschau. Revue 24 (1969), Nr. 17: 97-103.
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg: 1-125.
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302.
  • Neuens, R., 1980. Professor Edouard Pierret. Luxemburger Wort 1980, Nr. 97 (25. April): 4 [signéiert: N.R.]
  • Schmitz, E., 1980. Edouard Pierret 1885-1980. Bulletin APESS 1980/3: 76-78.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Massard 2015, S. 81-82.
  2. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 8 (années 1917-1924), S. 29.
  3. R. Tengler: Das Du im Ich und das Ich im Du: mystisches Schauen und Leben. Johannes Baum Verlag, Pfullingen in Württemberg, 1924, 32 S. (Wiener parapsychische Bibliothek, Nr. 13) (Die okkulte Welt, Nr. 136). Den Tengler ass och den Auteur vun: Schopenhauer und die Romantik. Verlag von Emil Ebering, Berlin 1923, 96 S. (Germanische Studien, 29) [1].
  4. Kuck dozou: “Der andere Goethe”: Professor Edouard Pierret und der Naturforscher aus Weimar. Die Warte 1975, Nr. 12 (18. April), S. 4.
  5. Nicole Sahl: Kleines ABC der Pseudonyme in Luxemburg. Centre national de littérature, Mersch 2018, S. 156.