Olympesch Summerspiller 1980
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Olympesch Summerspiller 1980, offiziell Spiller vun der XXII. Olympiad, goufe vum 19. Juli bis den 3. August 1980 zu Moskau an der Sowjetunioun (haut: Russland) organiséiert.
Spiller vun der XXII. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Maskottchen | Mischa |
Land | Sowjetunioun |
Stad | Moskau |
Ufanksdatum | 19. Juli 1980 |
Schlussdatum | 3. August 1980 |
opgemaach vum/vun der | Leonid Iljitsch Brejnew |
Olympeschen Eed | Nikolai Andrianov, Alexander Medwed |
Olympesch Fakel | Sergei Below |
Kompetitiounen | 203 an 21 Sportaarten |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1976 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1984 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/moscow-1980 |
Den Aleksandr Dityatin aus Russland huet bei all Kompetitioun am Turnen eng Medail gewonnen a gouf domat den éischten Athleet, dee bei Olympesche Spiller aacht Medaile gewonnen huet.
42 Staaten hunn d'Spiller wéinst dem Amarsch vu sowjeteschen Truppen an Afghanistan am Dezember 1979 boykottéiert, e Boykott deen als en Deel vun engem Pak vun Aktioune vum US-President Jimmy Carter initiéiert gi war.
Aner 24 Staaten hunn aus finanziellen oder sportleche Grënn op eng Participatioun verzicht oder d'Invitatioun net ugeholl.
Participanten
ännerenEt hu just 80 Natiounen un de Spiller deelgeholl, déi niddregst Zuel zënter 1956. Am Ganzen hu 5.179 Olympioniken (1.115 Fraen a 4.064 Männer) bei 203 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.
Wéinst dem Boykott ware fir déi éischt olympesch Damme-Kompetitiounen am Feldhockey just Participanten aus der Sowjetunioun ugemellt; Holland, Däitschland, England, Neiséiland an d'USA haten ofgesot. Quasi a leschter Minutt huet ë. a. Simbabwe d'Invitatioun nach ugeholl a Spillerinnen op Moskau geschéckt. Iwwerraschenderweis huet d'simbabwesch Ekipp d'Goldmedail gewonnen.
Am Rudderen (Zweeër ouni Steiermann) gouf d'Gold- wéi och d'Sëlwermedail vun enger Koppel eeneeëgen Zwillinge gewonnen: de Bernd an de Jorg Landvoigt aus Ostdäitschland koumen op déi éischt, de Yuri an den Nikolai Pimenov aus Russland op déi zweet Plaz.
Participatioun vu Lëtzebuerg
ännerenLëtzebuerg war zu Moskau mat 3 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 15. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participante pro Sportaart
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Olympesch Summerspiller 1980 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1980 op: