Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Albert Goldmann, gebuer de 4. Dezember 1901 zu Diddeleng, gestuerwen den 22. Juni 1980 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Magistrat.[1]

Albert Goldmann
Gebuer 4. Dezember 1901
Diddeleng
Gestuerwen 22. Juni 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot

Vun 1934 bis 1935 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Hie war eng Zäit laang President vun der Chambre des comptes zu Lëtzebuerg.

Den 12. Mee 1953 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot, vun deem e méi spéit, de 15. Juli 1975 Vizepresident gouf.[1] Hie war vum 26. Juni 1976 President vun där Institutioun an ass dat bis de 4. Dezember 1976 bliwwen.[2]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Lëscht vun de Presidente vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert op 2015-09-23. Gekuckt de(n) 2013-01-26.