Gdańsk (op Houdäitsch: Danzig, op Kaschubesch: Gduńsk; heiansdo lëtz. Danzeg), ass eng polnesch Hafestad um Baltesche Mier (Danzeger Bucht). Mat 465.000 Awunner ass Gdańsk déi sechsgréisst Stad a Polen an Haaptstad vun der Woiwodschaft Pomorskie (Pommern) a vu Kaschubien. Zesumme mat Gdynia a Sopot ass Gdańsk Deel vun der Trójmiasto (Dräierstad), enger Agglomeratioun vun 1,4 Milliounen Awunner.

Gdańsk
Land Polen
Buergermeeschter Aleksandra Dulkiewicz
Awunner 486.022
  31. Mäerz 2021
Fläch 266 km²
Héicht 11 m
Koordinaten 54°20'53,8465"N, 18°39'14,4839"O
Telefonszon 58
Postcode 80-008–80-958
Websäit https://www.gdansk.pl

Geschicht

änneren

D'dokumentéiert Geschicht vun Gdańsk geet zeréck op den hellegen Adalbert vu Prag (Sw. Wojciech), deen am Joer 997 d'Awunner vu „Gyddannyzc“ gedeeft huet. D'Archeologie weist eng éischt slawesch Siidlung am 10. Joerhonnert op. De Piast Mieszko I. huet op dëser Plaz dem éischte polnesche Staat en Zougang zur Ostsee verschaaft.

Am Enn vum 12. Joerhonnert ass zu Oliwa en Zisterzienserklouschter entstanen. 1225 hunn och schonn éischt däitsch Händler vu Lübeck als „hospites“ (Invitéën) e Maart bedriwwen. 1263 ass dann och dat Lübecker Stadrecht ageféiert ginn, soudatt d'Herzoge vu Pommerellen déi Däitsch als hir „fräi an trei Bierger“ ugesinn hunn. Ëm 1300 hat Gdańsk ëm 2000 Awunner.

No enger kuerzer dänescher Herrschaft am Ufank vum 14. Joerhonnert ass d'Stad ënner d'Herrschaft vu Brandenburg geroden, ir et vun den Deutschritter no engem brutale Massaker iwwerholl ginn ass. 1340 hunn si eng Festung fir hir Komturei gebaut. 1358 ass Gdańsk Member vun der däitsche Hanse ginn, an huet Handel mat Bruges, Nowgorod, Sevilla a Lissabon gedriwwen. D'Stad an d'Géigend ronderëm si besonnesch duerch d'Immigratioun vun däitsche Siidler gewuess.

No der Néierlag vun den Däitschritter an der Schluecht vu Grunwald (1410) ass d'Stad ënner d'Lehnshoheit vum Kinnek vu Pole gefall, huet awer weiderhin trotz konfliktuelle Situatiounen am 16. Joerhonnert eng grouss Autonomie genoss. Ëmmerhin hat d'Stad d'Recht, de polnesche Kinnek am Sejm matzewielen.

D'Bevëlkerung war gemëscht: däitsch, polnesch, a kleng Minoritéiten (Judden, Schotten, Hollänner…). Déi Däitsch sinn an der Reformatioun Lutheraner ginn.

Duerch Kricher a Pescht ass Gdańsk am 18. Joerhonnert erofkomm. 1743 ass d'Stad vun de Russen eruewert ginn.

Bei der zweeter Deelung vu Polen 1793 ass Gdańsk un d'Kinnekräich Preise gefall. Ënner dem Napoleon gouf et eng fräi Stad (Republik), ier et dunn nees 1815 d'Haaptstad vum Regierungsbezierk Danzig an der Provënz Westpreise ginn ass. Domat blouf Gdańsk eng wichteg däitsch Hafestad bis zum Schluss vum 1. Weltkrich.

1918 huet déi 2. Republik Pole gehofft, och Gdańsk erëmzekréien. Mä déi Zäit hu 95 % Däitscher do gewunnt. Dofir huet den US-President Wilson dofir gesuergt, datt „Danzig“ am Versailler Vertrag d'Fräi Stad Danzeg ënner der Verwaltung vum Vëlkerbond sollt ginn, wärend Polen zu Gdynia en Zougang zur Ostsee an op der Westerplatte eng Militärbasis krut. Danzeg hat en eegent Parlament, eng eege Regierung (Senat) an eng eege Wärung.

Vun 1933 un huet Nazi-Däitschland d'Stad zeréckgefuerdert a säi Statut als Virwand fir den Ugrëff op Polen 1939 geholl. Déi éischt Attack war dunn d'Bombardement vun der Westerplatte duerch d'Krichsschëff Schleswig-Holstein. Gdańsk ass annektéiert ginn; 1500 Polen aus der Stad goufe verhaft a vill vun hinne goufen am KZ Stutthof oder am Bësch vu Piaśnica ermuert. Bal d'Hallschent vun de Judde vu Gdańsk ware scho virum Krich ausgewandert. Déi aner si bal all an der Shoah ëmkomm.

1944 sinn déi meescht Däitsch virum Umarsch vun der Rouder Arméi fortgelaf. Am Januar 1945 koumen e puer Honnertdausend däitsch Flüchtlingen aus Ostpreisen op Gdańsk, fir sech vun do aus mat Schëffer an Däitschland a Sécherheet ze bréngen. En Rei Schëffer, dorënner d'Wilhelm Gustloff, si vun de Sowjets versenkt ginn. Zéngdausende sinn ëmkomm. D'Stad selwer ass bombardéiert ginn, a vill Frae sinn Affer vu Vergewaltegunge ginn.

Op de Konferenze vu Jalta a vu Potsdam gouf decidéiert, Gdańsk definitiv u Polen unzeglidderen. Déi iwwerliewend däitsch Bevëlkerung ass verdriwwen, a mat Polen aus den Ostgebidder ersat ginn.

An den 1950er an 1960er Joren ass d'Alstad erëm opgebaut ginn, allerdéngs net wéi se war, mä am hollänneschen an italieenesche Baustil. An der Volleksrepublik huet Gdańsk sech zu enger grousser Industrie- an Hafestad entwéckelt.

1970 koum et zu Protester géint de Regime, bei deenen e puer Dosen Demonstranten erschoss gi sinn. Deen Opstand huet ëmmerhin zur Demissioun vum Parteisekretär Władysław Gomułka geféiert.

1980 ass an de Werfte vu Gdańsk d'Solidarność-Beweegung ënner dem Lech Wałęsa ugaangen. Am September 1981 huet d'Sowjetunioun e groussen amphibesche Militärmanöver zu Gdańsk duerchgezunn.

1989 huet Gdańsk staark derzou bäigedroen, de kommunistesche Regime ze stierzen. 1990 ass de Lech Wałęsa als President vun der Drëtter Republik gewielt ginn.

2014 ass den Europäesche Solidarność-Zentrum zu Gdańsk ageweit ginn.

Haut ass d'Hafestad eng vun de meescht besichtegte Stied a Polen.

Billergallerie

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gdańsk – Biller, Videoen oder Audiodateien