Fränk Schleck
De Fränk Schleck, gebuer de 15. Abrëll 1980 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Fränk Schleck | |
---|---|
National Meeschterschaft 2007: De Fränk Schleck uewen um Keeler Poteau | |
Gebuer |
15. Abrëll 1980 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Positioun oder Spezialitéit | Grimpeur |
Gréisst | 186 cm |
Gewiicht | 64 kg |
Veräin/Ekipp |
Trek-Segafredo, Saxo Bank-Sungard, Saxo Bank-Sungard, De Nardi-Pasta Montegrappa, Trek-Segafredo |
Huet matgemaach bei | Vuelta a España, Tour de France, Olympesch Summerspiller 2008, Olympesch Summerspiller 2004, Tour de France 2014, Tour de France 2012, Tour de France 2011, Tour de France 2010, UCI Europe Tour 2016, UCI America Tour 2016, UCI World Tour 2015, UCI World Tour 2012, UCI World Tour 2011, UCI ProTour 2005, UCI ProTour 2006, UCI ProTour 2007, UCI ProTour 2008 |
Famill | |
Papp | Johny Schleck |
Geschwëster | Andy Schleck |
Hien ass de Jong vum Johny Schleck, de Brudder vum Andy Schleck an en Enkel vum Auguste Schleck.
De 16. Abrëll 2006 huet de Fränk Schleck als éischte Lëtzebuerger den Amstel Gold Race gewonnen.
Den 18. Juli 2006, 40 Joer nodeem den Edy Schütz d'Alpenetapp Ivrea - Chamonix gewonnen hat, huet de Fränk Schleck d'Kinneksetapp vum Tour vu Gap op L'Alpe d'Huez gewonnen.
Am Tour de Suisse 2007 huet de Fränk Schleck den 19. Juni d'Biergetapp vun Nauders an Éisträich op Triesenberg-Malbun am Liechtenstein gewonnen. Eng 7 km virun der Arrivée, an der Montée am Bierg fir op Malbun, hat de Fränk Schleck déi decisiv Attack gemaach a konnt sech definitiv vun der Spëtzegrupp léisen. Op der Arrivée hat hien e Virsprong vun 32 Sekonnen op den zweetplacéierte Vladimir Efemkin. Nom Marcel Ernzer am Joer 1955, dee sech an der Etapp vu Bad Ragaz op Luzern duerchgesat hat, gëtt domat no 52 Joer erëm eng Etapp vun engem lëtzebuergesche Coureur am Tour de Suisse gewonnen.
2009 huet de Fränk Schleck als éischte Lëtzebuerger nom Lucien Didier am Joer 1983 den Tour de Luxembourg gewonnen.
2010 huet hie fir déi zweet Kéier a senger Carrière eng Etapp am Tour de Suisse gewonnen, an zwar déi 3. Etapp vu Sierre op Schwarzenburg. Zum Schluss stoung hien dunn och ganz uewen um Podium an huet als éischte Lëtzebuerger den Tour de Suisse gewonnen.
Zanter der Saison 2011 fiert de Fränk Schleck, wéi och säi Brudder Andy, am neigegrënnten Team Leopard Trek (Enn 2011 ëmbenannt a RadioShack-Nissan-Trek, 2013 a Radioshack Leopard Trek).
De 14. Juli 2012, no der Etapp vum Tour de France, gouf de Fränk Schleck positiv op Xipamid, en Diuretikum[1], getest. Wéi d'Resultat vum Test matgedeelt gouf, huet RadioShack-Nissan-Trek hien de 17. Juli aus der Course geholl.[2] Och d'B-Prouf war, wéi den 20. Juli 2012 gemellt gouf, positiv.[3] Den 30. Januar 2013 huet d'Agence Luxembourgeoise Anti Dopage (ALAD) de Fränk Schleck fir ee Joer gespaart, an dat réckwierkend vum 14. Juli 2012 un[4].
Kuerz ier d'Spär ofgelaf war, huet Radioshack Leopard Trek matgedeelt, dowéinst de Fränk Schleck aus hirer Ekipp z'entloossen.[5]
Beim Tour de France 2014 gouf de Frank Schleck 12. am Generalklassement.
Nodeems e beim Léck-Baaschtnech-Léck 2015 gefall war, konnt hien dat Joer net beim Tour de France matmaachen. Hien huet awer eng Biergetapp bei der Vuelta a España 2015 gewonnen.
2016 war hien um Depart vun den Olympesche Summerspiller zu Rio, a gouf do 20. Hien huet kuerz dono ugekënnegt, um Enn vun der Saison seng Carrière op en Enn ze bréngen.[6]
Palmarès
änneren- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Espoirs / Elite)
- 6. an der Flèche du Sud
- 31. am Tour de Luxembourg
- 28. am Tour de l'Avenir
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Espoirs)
- 36. am Tour de Luxembourg
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Espoirs)
- 40. an der Hessen-Rundfahrt
- 43. am Tour de Luxembourg
- 43. a Milano-Torino (199 km)
- 43. a Paris-Bourges (206 km)
- 6. a Milano-Torino (198 km)
- 16. am Tour de Luxembourg
- 27. am GP des Kantons Aargau (196 km)
- 42. am Tour de Suisse
- 42. am Tour de la Région Wallonne
- 43. am Gran Premio Città di Camaiore (193,7 km)
- 46. an den Tre Valli Varesine (193 km)
- 54. am Critérium international
- 56. am Grand Prix Ouest-France
- 65. am Tour of Qatar
- Setmana Catalana de Ciclisme (4. Etapp: net gestart oder opginn)
- 2. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite)
- 4. an der Course Cholet-Pays de Loire (202 km)
- 4. am Gran Premio Città di Camaiore (193,7 km)
- 5. am GP des Kantons Aargau (196 km)
- 6. bei den Olympesche Spiller zu Athen
- 9. a Paris-Nice
- 9. an der 4. Etapp vu Le Puy en Velay op Rasteau (215 km)
- 10. op der Weltmeeschterschaft op der Strooss
- 14. am Tour de Luxembourg
- 16. am Critérium international
- 2. an der 2. Etapp vu Les Mazures op Monthermé (98,5 km)
- 30. am Tour de Suisse
- 34. an der Clásica Ciclista San Sebastián - San Sebastián
- 46. an der Vuelta a España
- 62. am Tour de la Région Wallonne
- 63. am Scheldeprijs (200 km)
- 149. am Trofeo Mallorca (82,5 km)
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 2. am Züri Metzgete (k vun Zürich)
- 2. am Giro dell'Emilia
- 2. am Tour Méditerranéen (2. am Punkteklassement an 1. am Klassement vun de Jonken)
- 2. an der 2. Etapp vu Villneuve Loubet op Bormes les Mimosas (131 km)
- 4. an der 3. Etapp vu La Garde op Toulon Mont Faron (134 km)
- 1. an der 4. Etapp vu Bouc Bel Air op Berre, Ekippenzäitfueren, Ekipp C.S.C., (36 km)
- 3. am Giro di Lombardia
- 4. am Tour de Suisse
- 7. a Paris-Nice (2. am Klassement vun de Jonken)
- 8. an der Étoile de Bessèges
- 3. an der 3. Etapp vu Branoux les Taillades op La Grande Combe (143,3 km)
- 15. am Gran Premio Bruno Beghelli (199,9 km)
- 36. am Benelux Tour
- 36. am Grand Prix Ouest-France
- 39. an der Deutschland Tour
- 42. am Giro d'Italia
- 97. am Amstel Gold Race
- Tour de Romandie
- 6. am Prolog zu Genf, Eenzelzäitfueren (3,4 km)
- 3. beim Gala Tour de France zu Lëtzebuerg
- 1. am Amstel Gold Race (UCI ProTour) (de 16. Abrëll an Holland)
- 2. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 3. an der Drei-Länder-Tour (1. am Biergklassement)
- 4. an der Flèche wallonne (UCI ProTour)
- 4. an der Bayern Rundfahrt
- 5. a Paris-Nice
- 4. an der 3. Etapp vu Julienas op Saint-Etienne (168,5 km)
- 8. an der 5. Etapp vun Avignon op Digne-les-Bains (201,5 km)
- 10. an der 6. Etapp vun Digne-les-Bains op Cannes (179 km)
6.5. am Tour de Suisse (UCI ProTour) (nodeem de Jan Ullrich den 9. Februar 2012 wéinst Doping disqualifizéiert gouf.)- 7. a Liège-Bastogne-Liège
- 7. am Giro di Lombardia (245 km)
- 11. am Tour de France (5. am Biergklassement)
- 8. an der 11. Etapp vun Tarbes op Val d'Aran - Pla-de-Beret (206,5 km)
- 1. an der 15. Etapp vu Gap op L'Alpe d'Huez (187,0 km) (Kinneks-Etapp)
- 6. an der 17. Etapp vu Saint-Jean-de-Maurienne op Morzine-Avoriaz (200,5 km)
- 11. am Critérium international
- 7. an der 2. Etapp vu Les Vieilles Forges (Les Mazures) op Montherme (101 km)
- 7. an der 3. Etapp vu Charleville-Mezieres op Charleville-Mezieres, Eenzelzäitfueren (8,3 km)
- 13. am Gran Premio Nobili Rubinetterie (180 km)
- 14. am Gran Premio di Lugano (174,3 km)
- 17. am Giro dell'Emilia (196,6 km)
- 19. am Tour de Luxembourg
- 7. an der 1. Etapp vu Lëtzebuerg op Munneref (168,6 km)
- 7. an der 4. Etapp vu Miersch op Lëtzebuerg (149,4 km)
- 20. a Milano-Sanremo (286,5 km)
- 23. an der Clásica Ciclista San Sebastián - San Sebastián
- 24. am Züri Metzgete (233,7 km)
- 29. op der Weltmeeschterschaft op der Strooss zu Salzburg (265,9 km)
- 32. am Trofeo Cala Millor - Cala Bona (159,4 km)
- 48. am Gran Premio Bruno Beghelli (206,9 km)
- 73. an der Klasika Primavera (171 km)
- 83. am Grand Prix Ouest-France
- 139. am Trofeo Mallorca (100 km)
- Vuelta Ciclista al País Vasco (opginn an der 3. Etapp)
- 1. am Giro dell'Emilia (205 km)
- 2. an der Coppa Sabatini (197,7 km)
- 3. a Liège-Bastogne-Liège (262 km)
- 3. an der Vuelta Ciclista a la Comunidad Valenciana
- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 4. op der Weltmeeschterschaft op der Strooss
- 4. an der Flèche wallonne (UCI ProTour)
- 4. an der Bayern-Rundfahrt
- 4. an der 4. Etapp zu Rothenburg ob der Tauber, Eenzelzäitfueren (24 km)
- 4. am 3-Länder-Tour der SV Sparkassenversicherung
- 5. an der 2. Etapp vu Lollar op Lollar (141,3 km)
- 7. am Tour de Suisse
- 5. an der 3. Etapp vu Brunnen op Nauders an Éisträich (228,7 km)
- 1. an der 4. Etapp vu Nauders an Éisträich op Triesenberg-Malbun am Liechtenstein (167,2 km)
- 7. am Tour de Pologne
- 6. an der 7. Etapp vu Jelenia Gora op Karpacz (147,7 km)
- 7. an der Flèche wallonne (202,5 km)
- 8. am Paris-Nice
- 6. an der 4. Etapp vu Maurs la Jolie op Mende (169,5 km)
- 9. an der 7. Etapp vu Nice op Nice (129,5 km)
- 8. an der Vuelta Ciclista al País Vasco
- 10. an der 1. Etapp vun Urretxu op Urretxu (139 km)
- 8. an der 2. Etapp vun Urretxu op Karrantza (191,5 km)
- 7. an der 5. Etapp vu Lekunberri op Oiartzun (169 km)
- 10. am Critérium international
- 4. an der Biergetapp vu Les Vieilles Forges op Monthermé (98,5 km)
- 10. am Amstel Gold Race (252,2 km)
- 11. an der Klasika Primavera (171 km)
- 13. am Giro di Lombardia (242 km)
- 17. am Tour de France
- 5. an der 8. Etapp vu Le Grand-Bornand op Tignes (165 km)
- 24. am Gran Premio Nobili Rubinetterie (180 km)
- 26. an der Clásica Ciclista San Sebastián - San Sebastián (225 km)
- 29. a Milano-Sanremo (294 km)
- 31. am Tour of Ireland
- 32. am Tour du Haut-Var
- 55. am Sparkassen Münsterland-Giro (209,22 km)
- 63. am Grand Prix Ouest-France (210,1 km)
- 105. am Gran Premio Bruno Beghelli (206,9 km)
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
- 2. am Amstel Gold Race
- 3. am Liège-Bastogne-Liège
- 3. am Tour de Luxembourg
- 6. am Tour de France (3. am Biergklassement)
- 7. an der 1. Etapp vu Brest op Plumelec (197,5 km)
- 4. an der 6. Etapp vun Aigurande op Super Besse (195,5 km)
- 3. an der 10. Etapp vu Pau op Hautacam (156 km)
- 9. an der 15. Etapp vun Embrun op Prato Nevoso (183 km)
- 5. an der 17. Etapp vuun Embrun op L'Alpe d'Huez (210,5 km)
- 6. am Critérium international
- 9. an der 1. Etapp vu Signy-le-Petit op Charleville-Mézières (193 km)
- 7. an der 2. Etapp vu Les Vieilles Forges (Les Mazures) op Monthermé (98,5 km)
- 10. an der Vuelta Ciclista al País Vasco
- 10. am Tour du Haut-Var (197,3 km)
- 17. an der Klasika Primavera (171,8 km)
- 31. am Gran Premio Miguel Indurain (199,2 km)
- 43. an der Course en Ligne bei den Olympesche Spiller zu Peking (245 km)
- 52. a Milano-Sanremo (298 km)
- 78. an der Flèche wallonne (199,5 km)
- Paris-Nice (opginn an der 7. Etapp)
- 5. an der 4. Etapp vu Montélimar op de Mont Ventoux (176 km)
- Tour de Suisse (opginn an der 9. Etapp)
- 4. an der 2. Etapp vu Langnau im Emmental op Flumserberge (197 km)
- 5. an der 8. Etapp vun Altdorf op de Col du Klausen, Eenzelzäitfueren (25 km)
- Grand Prix Ouest-France (net ukomm)
- 1. am Tour de Luxembourg
- 1. an der 3. Etapp vu Wolz op Dikrech (185 km)
- 8. an der 4. Etapp vu Miersch op Lëtzebuerg (Stad) (160 km)
- 2. am Paris-Nice
- 9. an der 4. Etapp vu Vichy op Saint-Étienne (173,5 km)
- 2. an der 6. Etapp vu Saint-Paul-Trois-Châteaux op Montagne de Lure (182,5 km)
- 3. an der 7. Etapp vu Manosque op Fayence (191 km)
- 3. an der 8. Etapp vun Nice op Nice (119 km)
- 5. am Tour de France (7. am Biergklassement)
- 4. an der 15. Etapp vu Pontarlier op Verbier (207,5 km)
- 1. an der 17. Etapp vu Bourg-Saint-Maurice op Le Grand-Bornand (169,5 km)
- 6. an der 20. Etapp vu Montélimar op de Mont Ventoux (167 km)
- 11. an der Klasika Primavera (172 km)
- 12. am Amgen Tour of California
- 8. an der 7. Etapp vu Santa Clarita op Pasadena (143 km)
- 1. an der 8. Etapp vu Rancho Bernardo op Escondido (155,8 km)
- 13. am Critérium international
- 31. am Gran Premio Miguel Indurain (191,4 km)
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne.
- 1. am Amstel Curaçao Race
- 1. am Tour de Suisse
- 1. an der 3. Etapp vu Sierre op Schwarzenburg (196,6 km)
- 2. am Tour de Luxembourg
- 1. an der 2. Etapp vu Schëffleng op Déifferdeng
- 3. an der Klasika Primavera (171 km)
- 5. an der Vuelta a España
- 7. an der 11. Etapp vu Vilanova i la Geltrú op Andorra (208,4 km)
- 6. an der 14. Etapp vu Burgos op Peña Cabarga (178 km)
- 2. an der 16. Etapp vu Gijón op Alto de Cotobello (181,4 km)
- 4. an der 20. Etapp vu San Martín de Valdeiglesias op Bola del Mundo (172,1 km)
- 7. am Amstel Gold Race (259 km)
- 9. a Liège-Bastogne-Liège (258 km)
- 42. an der Flèche wallonne (195,5 km)
- Opginn am Tour de France wéinst enger Chute an der 3. Etapp um Pavé
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne.
- 1. am Criérium international
- 1. an der 1. Etapp vu Porto-Vecchio op de Col de l'Ospedale (198 km)
- 13. an der Vuelta a Andalucía - Ruta del Sol
- 21. am Tour de Luxembourg
- 3. am Tour de France 2011
2012-2014
ännerenDe Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- 14. Trofeo Andratx
- 9. Trofeo Serra de Tramuntana
- 17. Tour de Murcie
- 30. Classic d'Alméria
- 81. Classica Corsica
- 20. Critérium international
- 57. Tour du Pays-Basque
- 56. Amstel Gold Race
- 58. Flèche wallonne
- 25. Tour de Norvège
- 51. GP du Canton d'Argovie
- 4. Tour of Utah
- 14. an der Volta ao Algarve 2016
- 20. op den Olympesche Spiller zu Rio
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Kim Kirchen | 2006 | Kim Kirchen |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Fränk Schleck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ De Xipamid huet keen Afloss op d'sportlech Leeschtung. E gëtt wéi aner Diuretika benotzt fir Doppingsubstanzen ze maskéieren.
- ↑ Luxemburger Wort vum 18. Juli 2012, S. 1 a S. 31-32.
- ↑ Luxemburger Wort vum 21. Juli 2012, S. 43.
- ↑ Décision du Conseil de Discipline contre le Dopage Archivéiert de(n) 2013-02-28. Gekuckt de(n) 2013-03-07.
- ↑ "Cyclissem: Fränk Schleck wéinst Faute grave entlooss." RTL.lu - 04.07.2013, 17:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2013, 09:45.
- ↑ "Fränk Schleck annoncéiert Enn vu senger Carrière." rtl.lu, Leschten Update: 07.08.2016, 11:02:44.