Den James Cleveland "Jesse" Owens, gebuer den 12. September 1913 zu Danville am Alabama, a gestuerwen den 31. Mäerz 1980 zu Tucson am Arizona, war en amerikanesche Liichtathleet.

Jesse Owens
Gebuer 12. September 1913
Gestuerwen 31. Mäerz 1980
Tucson
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Ohio State University
Aktivitéit Kuerzstreckeleefer, Liichtathleet, Wäitsprénger
Partei Republikanesch Partei

Hie war de Jong vum Henry an der Emma Owens, Piechter vun engem klenge Bauerenhaff, an d'Kandskand vu Sklaven. Bis zum Alter vun 9 Joer huet hie Kotteng gepléckt bis datt seng Famill op Cleveland am Ohio geplënnert ass. Do koum hien an der Schoul u säin "neie" Virnumm, nodeem de Schoulmeeschter gefrot hat, wéi hie géif heeschen. Seng Äntwert "J.C." gouf als "Jesse" verstanen.

Wéi hie mat 13 Joer op der East Technical High School Course gelaf ass, war e scho landbekannt. Duerno ass hien op d'Ohio State University gaangen, an en huet säi Studium mat enger 100 $ am-Mount-Aarbecht als Liftbouf finanzéiert, well als Schwaarze krut e keng Sportsubsiden.

Hie war awer och en excellenten Wäitsprenger. Mat engem Sprong vun 8,13 Meter am Joer 1935 war hien den éischten Athleet deen d'Grenz vun den 8 Meter iwwerschratt huet. Hien hat domat de fréiere Rekord vum Japaner Chuhei Nambu (7,98 Meter) gebrach. Et huet duerno 25 Joer gedauert bis dëse Rekord am Joer 1960 vu sengem Landsmann Ralph Boston (8,21 Meter) verbessert ginn ass.

Dem Jesse Owens seng grouss Stonn koum bei den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin. Dat Joer hat Italien Ethiopien iwwerfall a besat, a Spuenien hat de Biergerkrich ugefaangen, Japan ass iwwer d'Manschurei hiergefall an Truppe vun Nazidäitschland sinn am Rheinland amarschéiert, an zu Berlin wollt Däitschland der Welt hir Olympesch Spiller weisen. Den US-amerikaneschen Olympesche Comité ënner der Leedung vum Avery Brundage huet ofgestëmmt an decidéiert, d'Spiller net ze boykottéieren.

D'USA hate 66 Leefer ugemellt, dovun 10 Schwaarzer. Dee Beschten dovu war den Owens. Hie war deen éischte Liichtathleet, dee bei Olympesche Summerspiller véier Goldmedaile gewonnen huet. Denn zweete war 1984 de Carl Lewis bei den Olympesche Summerspiller 1984 zu Los Angeles. De Owens huet den 100 Meter-Laf an 10,3 Sekonnen, den 200 Meter-Laf an 20,7 Sekonnen an de de Wäitsprong mat 8,06 Meter gewonnen. Déi véiert Goldmedail krut hien als Member vun der erfolegräicher US-amerikanescher Ekipp am 4-mol-100 Meter Staffellaf. An der Opstellung Jesse Owens, Ralph Metcalfe, Foy Draper a Frank Wykoff sinn déi véier Leefer, an der Zäit vun 39,8 Sekonnen, en neie Weltrekord gelaf.

Et gëtt gezielt, den Hitler hätt dem Owens, well et e Schwaarze war, net wéilte felicitéieren. Den Owens huet a senge Memoiren dat anescht an Erënnerung:
''When I passed the Chancellor he arose, waved his hand at me, and I waved back at him. I think the writers showed bad taste in criticizing the man of the hour in Germany. - Jesse Owens, The Jesse Owens Story, 1970.

Um Spaweck änneren

Commons: Jesse Owens – Biller, Videoen oder Audiodateien