Jérémie Peiffer

lëtzebuergesche Sportler

De Jérémie Peiffer, gebuer de 7. Abrëll 1980, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Jérémie Peiffer
Gebuer 7. Abrëll 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Fola Esch,
Jeunesse Esch,
Progrès Nidderkuer,
FC Déifferdeng 03,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hien huet den 8. an den 12. September 2007 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Hien huet vun 1998 bis 2000 fir d'Jeunesse Esch a duerno bis 2006 fir de Progrès Nidderkuer gespillt. Dunn ass hie bei de Lokalrival FC Déifferdeng 03 gewiesselt, wou hie bis 2009 blouf. Vun 2009 un huet hie fir d'Fola Esch gespillt, ier hien um Enn vun der Saison 2013/14 seng Foussballschung un den Nol gehaang huet.

Referenzen änneren

  1. De Jérémie Peiffer op der Websäit Weltfussball.de
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jérémie Peiffer op der Websäit vun European Football