Pierre Schaack (Architekt)
lëtzebuergeschen Architekt
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Pierre Schaack. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Schaack. |
De Pierre Schaack, gebuer de 17. Januar 1906 zu Dikrech, a gestuerwen den 30. Mäerz 1980 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Pierre Schaack | |
---|---|
Gebuer | 17. Januar 1906 |
Gestuerwen | 30. Mäerz 1980 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
No senge Secondairesstudien zu Dikrech huet de Pierre Schaack 1931 op der École nationale supérieure d'architecture Saint-Luc zu Gent de „grousse Präis“ an der Architektur kritt.
Wierker
änneren- Ëmbau vun der Villa Louvigny an der Stad (zesumme mam Pierre Reuter, Nicolas Schmit-Noesen an Hubert Schumacher)
- Gebai vun der fréierer Europaschoul um Lampertsbierg, 1957
Literatur
änneren- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 209