Auguste Trémont
Den Auguste Nicolas Trémont, gebuer den 31. Dezember 1892 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 23. Oktober 1980, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
Auguste Trémont | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
31. Dezember 1892 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Oktober 1980 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
École nationale supérieure des arts décoratifs, École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler, Designer |

Den Trémont ass besonnesch bekannt fir seng Duerstellunge vun Déieren. Vun him sinn déi zwéi Léiwe virum Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg.
Säi LiewenÄnneren
Den Trémont huet virun allem zu Paräis geschafft an hien huet sech op Déiereskulpture spezialiséiert.
Hien huet zu Lëtzebuerg an der Handwierkerschoul studéiert. Am Oktober 1909 goung hien op Paräis wou hie säi Studium op der École nationale supérieure des arts décoratifs weiderféiert.
Den Éischte Weltkrich huet hien zu Lëtzebuerg iwwerrascht. Beim Versuch iwwer d'Schwäizer Grenz op Paräis ze goen, gouf hie vun den Däitsche verhaft. Nodeem hien entlooss gi war, kënnt hien op Lëtzebuerg zréck, wou hien als Zeechner am Diddelenger Stolwierk schafft. Hie gëtt e Frënd vum Aloyse Meyer, dem spéidere President vun der ARBED. Mat dem Bläistëft an der Hand studéiert hien d'Aarbechter bei der Schaff.
Nom Waffestëllstand geet hien zréck op Paräis a studéiert weider op der École nationale supérieure des beaux-arts. Hie moolt Portraiten a Biller vu Paräis, bis hien enges Daags d'Ménagerie (Zoo) am Jardin des plantes, besicht. Do fënnt hie säin Theema. Op d'Fro firwat hien "animalier" gouf, äntwert hien: "Wëll et dat Schwéierst war".
D'Joer 1924 ass d'Joer vun den éischte Skulpturen. Hie stellt seng Wierker an der "Galerie Ruhlmann", der spéiderer "Galerie Edgar Brandt" aus, souwéi an de "Galeries Malesherbes". D'1930er Jore ware seng produktiivst. Zu Paräis schaaft hien déi zwéi grouss Léiwen, déi virun der Stater Märei stinn.
Den Zweete Weltkrich bleift hien zu Paräis. Bei Krichsenn kënnt hien op Lëtzebuerg zréck a schaaft Monumenter fir d'Affer vum Krich.
Säi WierkÄnneren
- 1921 - 21 Illustratioune fir déi 3. Oplo vum Renert
- 1924 - Chimpanzé
- Panthère; couple de tigres royaux
- 1926-1932 - Panthère noire; panthère qui tourne; serval; tigre; éléphant; tigre qui marche; lion; bison
- 2 Léiwen (Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg)
- De Léiw an der Krypta an der Kathedral.
- 1932 - Boeuf nain de la Côte d'Ivoire
- Couple de Tigres royaux, Chameau, Cerf (gehéiert der Stad Paräis)
- 1935 - Ouvriers mineurs (Lëtzebuerger Pavillon luxembourgeois op der Bréisseler Weltausstellung)
- 1936 - Scènes religieuses (Kathedral)
- 1937 - Biche (Lëtzebuerger Pavillon op der internationaler Ausstellung zu Paräis)
- 1945 - Médaille de la libération
- 1953 - Madonna um Westportal respektiv Marieportal vun der Kathedral
- Monument aux morts, (Déifferdeng)
- Monument aux morts de la force armée
- Stengene Relief mat de Symboler vun den Evangelisten um ieweschten Altor am Chouer vun der Basilika Iechternach
Biller vum Auguste Trémont fanne mer op villen Timberen.
AuszeechnungenÄnneren
- Prix Grand-Duc Adolphe 1918
- Grand-officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1979)[1]
Fotoalbum vu senge Wierker (Auswiel)Änneren
Timber, 1946
No him benanntÄnneren
Als Undenken un den Trémont gouf duerch Beschloss vum Stater Gemengerot vum 26. Juni 1997 eng Strooss um Zens no him benannt; se verleeft vum Boulevard Charles Simonis aus a Richtung vum Karmeliter-Klouschter a stéisst do an d'Allée du Carmel.
LiteraturÄnneren
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 42-43)
- Weber, Nic (éd.), 1993. Auguste Trémont: der Künstler, der die Tiere liebte. Éd. des Cahiers luxembourgeois, Luxemburg. 135 S. Imprimerie centrale, Luxemburg.
- Schmitt, Georges, 1975. Auguste Trémont. [Photogr. de Marcel Schroeder; choix des textes: Joseph Probst]. Section des arts et des lettres de l'Institut grand-ducal. 118 p. Luxembourg.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Auguste Trémont – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Remise de médailles à des personnalités de la vie culturelle op der Säit 5 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1979 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022