Borussia Mönchengladbach
Borussia Mönchengladbach | ||||
Offiziellen Numm: | Borussia Verein für Leibesübung 1900 e.V | |||
---|---|---|---|---|
Spëtznumm: | Die Fohlen | |||
Veräinsfaarwen: | Schwaarz, gréng a wäiss | |||
Grënnung: | 1. August 1900 | |||
Stadion: | Borussia-Park | |||
Plazen: | 54.022 | |||
President: | Rolf Königs | |||
Trainer: | Gerardo Seoane | |||
Liga: | Bundesliga | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | Bundesliga, 14. Plaz | |||
|
Borussia Mönchengladbach (kompletten Numm: Borussia Verein für Leibesübungen 1900 Mönchengladbach e. V.) ass en däitsche Sportclub, deen 1900 zu Mönchengladbach gegrënnt gouf an haaptsächlech wéinst senger Foussballsektioun bekannt ass.
De Club hat am Juli 2023 iwwer 98.000 Memberen an ënnerhält nieft der Härefoussballssektioun, déi an en Amateur- an e Profikader an e puer Jugendekippen ënnerdeelt ass, eng Fraefoussballsekipp, eng Handball- an eng Dëschtennissektioun. Déi éischt Härenekipp ass 1965 an d'Bundesliga opgeklommen an huet bis elo fënnefmol déi däitsch Foussballmeeschterschaft, dräimol den DFB-Pokal and zweemol d'UEFA-Coupe gewonnen.