Arsène Mersch
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Arsène Mersch, gebuer de 14. Dezember 1913 op der Käercher Neimille gestuerwen den 12. Juli 1980 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien ass 3-mol den Tour de France zu Enn gefuer.
Arsène Mersch | |
---|---|
Gebuer |
14. Dezember 1913 Käerch |
Gestuerwen |
12. Juli 1980 Käerch |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Cyclocrossfuerer, Geschäftspersoun, Industriellen |
Kompetitiounsklass | Vëlossport op der Strooss |
Huet matgemaach bei | Tour de France |
Famill | |
Geschwëster | Josy Mersch |
Am Tour de France vun 1936 koum den Arsène an der 3. Etapp, déi vu Charleville op Metz goung, op déi 5. Plaz, mat engem Retard vu 35 Sekonnen op den Etappegewënner Mett Clemens. Dat ass duergaange fir Leader am Generalklassement ze ginn an dem Maurice Archambaud de Maillot jaune ofzehuelen. Den Arsène Mersch ass sou déi 4. Etapp, déi vu Metz iwwer de Ballon d'Alsace op Belfort goung, a giel gefuer. Mat engem Retard vun enger Minutt a 26 Sekonnen op den Etappegewënner Maurice Archambaud koum hien an där Etapp op déi 17. Plaz an huet de Maillot jaune erëm missen un den Archambaud ofginn. Déi 21. a lescht Etapp, mat Depart zu Caen an Arrivée am Parc des Princes zu Paräis, huet den Arsène Mersch mat 32 Sekonne Virsprong op den zweetplacéierte Pierre Clemens gewonnen. Am Generalklassement koum den Arsène Mersch op déi 5. Plaz mat engem Retard vun 52 Minutten an 52 Sekonnen op de belschen Tour-de-France-Gewënner Sylvère Maes.
Den Arsène Mersch war tëscht 1934 an 1939 professionelle Coureur. Hie war de Brudder vum Josy Mersch.
Palmarès
änneren- 1. am Grand Prix François Faber
- 10. am Grand Prix des Nations
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 3. am Critérium International de cyclo-cross pédestre zu Paräis (an de Joren 1924-1949 ausgedroen, gëllt dës Course als den offiziéise Virleefer vun der Cyclo-Cross-Weltmeeschterschaft, déi eréischt 1950 vun der UCI geschaf gouf)
- 39. am Tour de Suisse
- 44. a Paris-Roubaix
- 1. National Cyclocross-Championnat
- 5. am Tour de France (Maillot jaune fir een Dag no der 3. Etapp, déi de Mett Clemens gewonnen hat)
- 10. a Liège-Bastogne-Liège
- 14. am Tour de Belgique
- 1. an der 5. Etapp
- 22. am Grand Prix des Nations
- 27. a Paris-Roubaix
- 34. am Tour de Suisse
- 4. an der 5. Etapp vu Genf op La Chaux-de-Fonds (182,1 km)
- 2. an der 6. Etapp vu La Chaux-de-Fonds op Basel (229,7 km)
- 27. am Tour de France
- 1. um Nationale Cyclocross-Championnat
- 2. am Tour de Suisse
- 1. an der 1. Etapp vu Bern op Schaffhausen (270,3 km)
- 5. an der 4. Etapp vu Bellinzona op Siders (198,1 km)
- 21. am Grand Prix des Nations
- 32. am Tour de France
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionel)
- 1. am Nationale Cyclocross-Championnat
- 37. am Tour de Suisse