Jacinda Ardern
D'Jacinda Kate Laurell Ardern, gebuer de 26. Juli 1980 zu Hamilton, an Neiséiland, ass eng neiséilännesch Politikerin vun der New Zealand Labour Party an zanter dem 1. August 2017 hir Parteipresidentin. De 26. Oktober 2017 gouf se als 40. Premierministesch vun Neiséiland vereedegt.
Jacinda Ardern | |
---|---|
Funktioun | |
Premierministesch | |
26. 10. 2017 - 07. 02. 2023 | |
Virgänger | Bill English |
Nofollger | Chris Hipkins |
Partei | NZLP |
Biographie | |
Gebuertsnumm | Jacinda Kate Laurell Ardern |
Gebuer |
26. Juli 1980 Hamilton |
Educatioun |
Universitéit vu Waikato, Morrinsville College, Morrinsville Intermediate School |
Bestuet mat | Clarke Gayford |
Liewenspartner | Clarke Gayford |
Papp | Ross Ardern |
Geschwëster | Louise Ardern |
Kand | Neve Te Aroha Ardern Gayford |
2008 gouf si als Deputéiert an dat Neiséilännescht Parlament gewielt. Nom Récktrëtt vum Andrew Little, Enn Juli 2017, gouf si Parteipresidentin vun der Labour Party an domat Oppositiounsleaderin.
Als Folleg vun de Parlamentswale vum 23. September 2017 huet d'Labour Party sech op eng Koalitioun mat New Zealand First an der Ënnerstëtzung vun der Green Party of Aotearoa New Zealand gëeenegt, an d'Jacinda Ardern gouf Premierministesch.
Den 19. Januar 2023 huet si hire Récktrëtt aus perséinleche Grënn ugekënnegt. Si bleift awer bis de 7. Februar 2023 am Amt.