Natalie Silva

lëtzebuergesch politesch Beroderin a Politikerin (CSV)

D'Natalie Silva, gebuer 1980 zu Ettelbréck[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV). Si war vun 2017 bis 2023 d'Buergermeeschtesch vun der Gemeng Fiels.

Natalie Silva
Gebuer 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Liewen a Karriär änneren

Der Natalie Silvia hir Elteren koumen 1971 vun der kapverdianescher Insel Santo Antão op Lëtzebuerg, wou hire Papp du fir d'Goodyear an hir Mamm als Botzfra op der Ettelbrécker Gemeng geschafft huet[1],[2],[3]. Hir Schoul huet si deelweis zu Arel gemaach, an duerno Kommunikatioun a "Relations publiques" zu Bréissel studéiert[1],[3].

2004 huet si e Stage am Generalsekretariat vun der CSV an der Stad gemaach an ass zënterhier do och Employée als politesch Beroderin[4],[5].

Bei de Gemengewalen 2005 war si Kandidatin fir d'chrëschtlech-sozial Vollekspartei zu Ettelbréck. Zwee Joer méi spéit ass si op Iernzen an d'Gemeng Fiels geplënnert[5], wou si Kandidatin bei de Gemengewalen 2011 war an nom Buergermeeschter Pierre Wies déi zweetmeescht Stëmme krut[2]. Si war sechs Joer laang Schäffin[3].

Bei de Gemengewalen 2017, bei deenen de fréiere Buergermeeschter Pierre Wies net méi kandidéiert huet, krut si déi meescht Stëmmen a gouf Buergermeeschtesch[6]. Mat hirer Wal gouf si déi éischt Buergermeeschtesch mat kapverdianeschen Originnen zu Lëtzebuerg[7].

Bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 hat si zwar nees déi meescht Stëmme kritt, ma den Zweetgewielte Mirko Martellini hat méi Support ënnert de Gemengerotsmembere fir Buergermeeschter ze ginn[8].

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war si eng vun den 20 CSV-Kandidaten am Walbezierk Zentrum[9]. Si krut déi néngtmeescht Stëmmen op där Lëscht, awer net genuch fir e Mandat als Deputéiert. Zwéi Méint méi spéit huet si d'Presidentschaft vun der CSV am Walbezierk Zentrum vun der Diane Adehm iwwerholl[10],[11].

Zanter dem 9. Oktober 2023 ass si ee vun de 4 Lëtzebuerger Vertrieder am Europäesche Comité vun de Regiounen.[12]

D'Natalie Silva ass Mamm vun engem Jong[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Natalie Silva – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 wort.lu: Etre noir au Luxembourg en 2020 vum Sibila Lind (8. Juni 2020)
  2. 2,0 2,1 lequotidien.lu: Larochette : Natalie Silva «se sent prête» vum Guillaume Chassaing (3. November 2017)
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 lequotidien.lu: Cap-Verdiens au Luxembourg : des visages de la diversité venus de loin vum Manuel Santos (31. Mee 2021)
  4. lessentiel.lu: Neue Felser Bürgermeisterin stellt sich vor (21. November 2017)
  5. 5,0 5,1 tageblatt.lu: Diese Frau weiß genau, was sie will vum Roger Infalt (30. Oktober 2017)
  6. virgule.lu: Communales 2017: Natalie Silva remporte la commune de Larochette vum Paula Telo Alves (9. Oktober 2017)
  7. latina.lu: COMUNAIS 2017: Natalie Silva pronta a assumir a liderança da comuna de Larochette (C/ÁUDIO) (17. Oktober 2017)
  8. "Fiels: Mirko Martellini gëtt neie Buergermeeschter." rtl.lu, 14.06.2023.
  9. virgule.lu: Natalie Silva: larmes de fierté et nuits d'insomnie à Larochette vum Maurice Fick (8. Oktober 2018)
  10. wort.lu: Silva übernimmt CSV-Zentrum (10. Dezember 2018)
  11. virgule.lu: Natalie Silva prend la tête du CSV au Centre vum Maurice Fick (10. Dezember 2018)
  12. Fiche op cor.europa.eu (nogekuckt: 2024-04-04)