D'Nationalstrooss 31 oder N31 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht. Si féiert vu Beetebuerg bis op déi belsch Grenz bei Péiteng.

Laf vun der Strooss

Se huet hiren Ufank zu Beetebuerg op der Kräizung mat der N13. Se heescht do Route de Dudelange a geet ënner der A13 erduerch bis op Diddeleng. Op der Kräizung mat der Rue Gaffelt an der Route de Kayl béit se no riets of a geet duerch Keel, wou se d'N33 kräizt, a geet weider bis bei de Keeler Poteau, wou se nees op d'N33 trëfft.

Vun do geet se weider bis op Esch-Uelzecht, wou se op d'N4 trëfft, mat der se zesummen e Stéck duerch Esch geet, laanscht d'Gare, iwwer de Boulevard Prince Henri. Hei trennt se sech nees vun der N4 a geet weider iwwer de Boulevard Charles de Gaulle bis zum Rond-point Rämerech, wou se op d'Enn vun der A4 trëfft. Se geet weider duerch Bieles iwwer d'Eisebunn a weider duerch Uewerkuer, Déifferdeng, Nidderkuer bis op de Rond-point Biff, wou se op d'Enn vun der A13 trefft an och d'N5 kräizt.

Vun do un ass se Deel vun der E44. Se geet weider laanscht Péiteng bis op déi belsch Grenz, wou se Uschloss un déi belsch N830 huet.

D'N31 huet eng Gesamtlängt vun zirka 30,5 km.

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 31 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien