CR234

Strooss zu Lëtzebuerg
CR234
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Hamm
op Mutfert
Verlaf Uschloss
Hamm N 2C
Scheedhaff CR 159
CR 234B CR 159
CR 173
CR 234A
Eisebunnsstreck
Lëtzebuerg-Waasserbëlleg
CR 226
Conter CR 226
Mutfert CFL-Linn Alzeng-Éiter
CR 132

Den CR234 ass e Chemin repris am Kanton Lëtzebuerg um Gebitt vun de Gemenge Lëtzebuerg, Sandweiler a Conter.

Den CR234 geet fort op der N2C beim Amerikanesche Kierfecht zu Hamm, féiert da laanscht de Scheedhaff, bis op den CR159, wou en no lénks ofbéit. Mat deem leeft en dann ongeféier 70 Meter zesummen no Osten bis op d'Kräizung mat dem CR234B. Op där Kräizung béit en no riets of a Richtung Conter, kräizt dann no ronn 980 Meter den CR173, fir 550 Meter méi wäit tëscht de Fabrécken DuPont de Nemours a Chaux de Contern iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg ze féieren.

No dem Rond-point mat dem CR226 kënnt kuerz viru Conter vu lénks d'Strooss vum Kréintgeshaff dran. Vum Rond-Point bis op Conter, wou se nach eng Kéier op den CR226 stéisst heescht se Rue de Luxembourg fir dann den Numm a Rue de Moutfort an duerno a Rue de Contern z'änneren. Ongeféier op der Hallschent vun der Streck op där se Rue de Contern heescht, féiert se iwwer d'Eisebunnsstreck Alzeng-Éiter fir dann zu Mutfert bei der Kräizung mat dem CR132 zu Enn ze goen.

Den CR234 ass ronn 7,2 km laang.