Suessem

Haaptuert vun der Gemeng Suessem

Suessem ass eng Uertschaft am Südoste vu Lëtzebuerg, am Kanton Esch-Uelzecht, an huet der Gemeng Suessem hiren Numm ginn.

Suessem
D'Suessemer Schlass
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Sanem
de: Sassenheim
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Suessem
Buergermeeschter Simone Asselborn-Bintz (LSAP)
Awunner 2.837
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 844,4680 ha
Héicht 303 m
Koordinaten 49° 32’ 53’’ N
      05° 55’ 46’’ O
Weekappell beim Suessemer Schlass

Geschicht änneren

Den Numm Suessem kënnt fir d'éischt 1268 als Sasseheim vir. Änlech Forme sinn:

Toponymie änneren

Den Numm Sassenheim besteet aus dem Grondwuert "Sassen-" an der Nosilb "-heim". Uertschaften, déi mat der Nosilb "-heim" ophalen, ginn dacks op eng Grënnung duerch d'Germanen, zu der Zäit vun der Vëlkerwanderung zeréck.

D'Grondwuert "Sassen" leet sech vum germaneschen Numm Sahso of, dat iwwersat "Der Sachse" bedeit. An dësem Fall wier d'Siidlung eventuell no engem Sippen-Eelste benannt ginn. Méiglech ass awer och, datt ënner dem Karel dem Groussen eng gewëssen Unzuel vu Sachsen do ugesiedelt goufen, an datt d'Uerschaft ufanks ee "Sachsenheim" war. De Karel de Groussen, dee laang an ëmmer erëm géint déi heednesch Sachsen an de Krich gezunn ass, huet mat Virléift d'Ëmsiedlung an d'fränkescht Räich als Mëttel agesat, fir de Widderstand ze briechen.

Enger weiderer Theorie no, déi awer net ganz iwwerzeegend kléngt, wier d'Uertschaft réischt ëm d'Joer 1000 entstanen, zu enger Zäit wou d'Leifeegener och Hintersassen genannt goufen. Deemno wier Suessem virun 1000 Joer e "Leifeegenen"duerf gewiescht (mee dann hätte ganz vill Dierfer esou kënne genannt ginn!).

Kuckt och änneren

déi 500-järeg Lann
d'Trauerbuch am Park

Um Spaweck änneren

Commons: Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur änneren

  • Edouard Marc Kayser, Qui a peur des Saxons? Note à propos du toponyme Sassenheim (Suessem) / Sanem; in: Galerie, Jg. 10 (Déifferdang, 1992), Heft Nr. 1; Ss. 41-43.
  • Kollektiv, Eng Gemeng an hir Geschicht. Bieles-Éilereng-Suessem-Zolwer; Band 1, 311 S. (Januar 1993), Band 2, 320 S. (November 2007); erausgi vun der Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn; Dréckerei Heintz, Péiteng.