Hesper

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Hesper

Hesper ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng Hesper am Kanton Lëtzebuerg.

Hesper
Hesperange 02.jpg
Vue vum Zentrum, Buerg a Kierch.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hesperange
de: Hesperingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Coat of arms hesperange luxbrg.png Hesper
Buergermeeschter Marc Lies (CSV)
Awunner 2.804
  1 Januar 2021; 1 Januar 2022; 1 Januar 2023
Koordinaten 49° 34’ 23’’ N
      06° 09’ 19’’ O

GeographieÄnneren

Hesper läit um nërdlechen Enn vum Uelzechtdall, just do wou de Floss ufänkt an e schmuelen Dall gequëtscht ze ginn, deen déi eng Säit vum Plateau vum Houwald an déi aner Säit vum Holleschbierg a vum Bloebierg gebilt gëtt.

Zu Hesper leeft vun der lénkser Säit d'Drosbech an d'Uelzecht

Duerch Hesper leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert. Fir d'Uertschaft vum Duerchgangsverkéier z'entlaaschten, gëtt eng Ëmgeeungsstrooss geplangt, déi südlech vun Alzeng an engem grousse Bou no Westen dréint an dann um Houwald op déi nei N3 stousse soll[1].

GeschichtÄnneren

Hesper war zur Zäit vum Premier Empire e Kantonalhaaptuert am Département des Forêts.

Vum 20. Februar 1882 bis den 22. Mee 1955 war Hesper iwwer eng Schmuelspuerbunn, de "Jangli", deen d'Streck Lëtzebuerg-Réimech gefuer ass, ugebonnen.

KuckeswäertesÄnneren

 
Hesper Buerg

VeräinerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien

GalerieÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Contournement von Hesperingen ohne Tunnel. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-07-01). Gekuckt de(n) 2021-07-01.