Conter

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Conter
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Conter ass eng Uertschaft am Kanton Lëtzebuerg an Haaptuert vun der Gemeng Conter.

Conter
Veräins- a Sprëtzenhaus; Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter;
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Contern
de: Contern
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet (CSV)
Awunner 1.587
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 333 m
Koordinaten 49° 35’ 6’’ N
      6° 13’ 37’’ O

Geographie änneren

Conter läit no Süden an Osten um Bord vun den Däller vun der Schleedbaach an der Sir.

Geschicht änneren

D'Uertschaft Conter ass op der Plaz vun enger grousser Axialhaff-Villa aus der Réimerzäit entstanen[1].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gallo-réimesch Villa zu Conter.
.

879/880 oder 903/904 gouf et eng éischt Kéier als locus Contrein an enger Schenkung ernimmt. Am 14. Joerhonnert gouf et schrëftlech als Guntrein festgehalen[2].

D'Parkierch ass zanter 1128 dokumentéiert. 1782 ass de Blëtz dran ageschloen a s'ass verbrannt. 1788 war se nees nei opgebaut.

Zanter dem 19. Joerhonert ass Conter den Haaptuert vun der Gemeng Conter.

Pilgerreesen op Conter änneren

Conter war laang Zäit en Zil vu ville Wallfaarten. Zu Conter gouf déi helleg Walburga ugebiet fir "béis Aen" ze heelen oder eppes géint de "béise Bléck" z'ënnerhuelen. Den Oflaf vun deene Pelerinage beschreift de lëtzebuergeschen Dialektdichter Jakob Diedenhoven 1830 op eng ironesch Manéier a sengem Bittgang no Conter:

Zoo aalen Zeiten
Vun alle Seiten,
Zur Walburga,
Der heel'ger Fra
Gongen d'from Kreschten
Den Aelter reschten
Mat enger Kierz,
Engem selv'ren Hierz
Hier Aa'n ze g'nieren
Ville' mam Schmieren
Hoid se d'Gnood gin
'Rem ze gesin.

An der drëtter Strof schénge se schonn all geheelt ze sinn:

Hei an der Scheier,
D'Marre mam Freier,
D'Ketche ma'm Franz
Sti'schon am Danz

...

He'r we se sangen,
Kuck we se sprangen,
Daat weist de Kne,
Daat eppes me.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Deeler dovu goufen 2016-2018 vum Centre national de recherche archéologique ausgegruewen, cf.: Franziska Dövener: "Die gallo-römische Villa unter Contern – Ergebnisse der ersten Ausgrabungskampagne." In: Archaeologia Luxemburgensis N°5 - 2019, S.110-143.
  2. Camille Wampach: Geschichte der Grundherrschaft Echternach im Frühmittelalter. Untersuchungen über die Person des Gründers, über die Kloster- und Wirtschaftsgeschichte auf Grund des liber aureus Epternacensis (698-1222). I,2. Quellenband. Luxemburger Kunstdruckerei A.G., Luxemburg, 1930, S.234-35.