Biergerkräiz

Lieu-dit an der Gemeng Koplescht.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit um Bord vum Bambësch. Fir d'Plaz am Gréngewald, kuckt wgl. Biergerkräiz (Gréngewald).


D'Biergerkräiz ass e Lieu-dit um südëstleche Wupp vun der Gemeng Koplescht, op der Grenz mat de Gemenge Lëtzebuerg a Walfer.

Biergerkräiz
Uertsschëld mat falscher Schreifweis
Aussprooch
An anere Sproochen de: Bürgerkreuz
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Koplescht
Buergermeeschter Thierry Schuman
Koordinaten 49° 38’ 46.8’’ N
      06° 05’ 54.5’’ O

Geographie änneren

De Lieu-dit Biergerkräiz läit op enger Héicht vun ca. 373 m, tëscht dem Bambësch am Süden an dem Roudebësch am Norden. Am Rond-Point stéisst den CR215 deen aus dem Rollengergronn kënnt, op den CR181 dee vum Briddel op Bäreldeng féiert.

Um Biergerkräiz sinn um Gebitt vun der Gemeng Koplescht e puer Haiser déi deelweis verlooss sinn, e Steebroch mat engem Depot fir Bauschutt an e Restaurant. Um Territoire vun der Gemeng Walfer steet eng Hal mat Atelieren a Büroen déi zum Steebroch gehéieren.

Nieft der Parkplaz steet en hëlzent Weekräiz.

Geschicht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Biergerkräiz – Biller, Videoen oder Audiodateien