Horst Buchholz

däitsche Schauspiller

Den Horst Buchholz, gebuer als Horst Werner Buchholz de 4. Dezember 1933 zu Berlin an och do gestuerwen den 3. Mäerz 2003, war en däitsche Schauspiller.

Horst Buchholz
Gebuer 4. Dezember 1933
Berlin
Gestuerwen 3. Mäerz 2003
Berlin
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Myriam Bru

Am Joer 1958 huet hie sech mat der franséischer Schauspillerin Myriam Bru bestuet. Hire Jong de Christopher Buchholz ass Schauspiller a Filmregisseur.

Mat dem Film Die Halbstarken vum Georg Tressler ass den Horst Buchholz bekannt ginn. Duerno huet hien an Däitschland nach Filmer wéi Robinson soll nicht sterben (1957) vum Josef von Báky, Monpti vum Helmut Käutner a Bekenntnisse des Hochstaplers Felix Krull (1957) vum Kurt Hoffmann matgespillt. International krut hien an England d'Haaptroll am Film Tiger Bay (1959) vum J. Lee Thompson. Weider grouss Filmer mat dem Horst Buchholz sinn The Magnificent Seven (1960) vum John Sturges an One, Two, Three (1961) vum Billy Wilder.

Filmographie änneren

Kino änneren

Literatur änneren

  • Christopher Buchholz, Myriam Bru, Beatrice Buchholz: Horst Buchholz. Sein Leben in Bildern. Henschel-Verlag, Berlin 2004, ISBN 3-89487-468-6.

Um Spaweck änneren

Commons: Horst Buchholz – Biller, Videoen oder Audiodateien