Shelley Winters

amerikanesch Schauspillerin

D'Shelley Winters, gebuer den 18. August 1920 zu East St. Louis als Shirley Schrift a gestuerwen de 14. Januar 2006 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Shelley Winters
Gebuer 18. August 1920
Gestuerwen 14. Januar 2006
Beverly Hills
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun The New School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Autobiograph
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Anthony Franciosa, Vittorio Gassman

Liewen a Wierk änneren

D'Shelley Winters, déi aus enger jiddescher Immigrantefamill kënnt, hat Succès a Kaméidisstécker a Musicalen um Broadway a war enk mam Actors Studio verbonnen. Zanter 1943 huet si a Filmer matgespillt, woubäi se net nëmmen duerch hir klassesch Schéinheet opgefall ass, mä och duerch en deemools nach ongewinnt Selbstbewosstsinn.

Méi spéit am Liewe war d'Winters gefrot fir Charakterrollen. Si huet zweemol den Oscar kritt, fir hir Niewerollen an The Diary of Anne Frank (1959) an A Patch of Blue (1965). Bekannt war se och duerch hir Autobiographien, an deene si fräimiddeg iwwer hiert stiermecht Liewe erzielt huet, dorënner déi Affären, déi se mat bekannte Schauspiller wéi dem William Holden, dem Burt Lancaster oder dem Marlon Brando hat.

D'Shelley Winters war dräimol bestuet, dorënner och mam Schauspiller Vittorio Gassman, mat deem s'e Meedchen hat, a mat dem Anthony Franciosa.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Shelley Winters – Biller, Videoen oder Audiodateien