Sergio Corbucci

italieenesche Filmregisseur

De Sergio Corbucci, gebuer de 6. Dezember 1927 zu Roum an och do gestuerwen den 1. Dezember 1990 war en italieenesche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.

Sergio Corbucci
Gebuer 6. Dezember 1927
Roum
Gestuerwen 1. Dezember 1990
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller
Famill
Geschwëster Bruno Corbucci

De Corbucci war e Filmregisseur dee sech ëmmer der Moud ugepasst huet, also hien huet ëmmer Filmer gedréint déi an deem Moment am italieenesche Kino gefrot waren. Hien huet italieenesch Kaméidisfilmer mam Totò, pseudo-historesch Filmer mam Gordon Scott a mam Steve Reeves, duerno Italowestern mam Franco Nero gedréint.

Am Genre vum Italowestern huet hie seng bescht Filmer gedréint, sou 1966 den éischten Django, Film mam Franco Nero an net ze vergiessen Il grande silenzio (1968) mam Jean-Louis Trintignant a Klaus Kinski, deen zu de wichtegsten Italowestern niewent deene vum Sergio Leone gezielt gëtt.

De Corbucci huet och Filmer ënner dem Pseudonym Stanley Corbett a Gordon Wilson Jr. dirigéiert.

Regie huet hien an 63 Filmer gefouert.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

vun 1951 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1990 änneren

Um Spaweck änneren