Sergei Iossifowitsch Jutkewitsch

(Virugeleet vu(n) Serguei Youtkhevitch)

De Sergei Iossifowitsch Jutkewitsch (ru: Сергей Иосифович Юткевич), gebuer de 15. September 1904 zu Sankt Petersburg, a gestuerwen de 24. Abrëll 1985 zu Moskau, war e russesche Filmregisseur.

Sergei Iossifowitsch Jutkewitsch
Gebuer 15. Dezember 1904 jul.
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 24. Abrëll 1985
Moskau
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, Sowjetunioun
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Regisseur, Professer, Theaterregisseur, Zeenograph, Moler, Theaterpedagog
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Schrëftstellerverband vun der UdSSR

Säin éischte Film, bei deem hie Regie gefouert huet, war den Dajosch radio! e Stommfilm vun 33 Minutte Längt mam Boriss Posslawski.

A sengem leschte Film Lenin v Parische ("De Lenin zu Paräis") vun 1980, dee sech ëm dem Lenin säi Paräis-Openthalt dréint, spillen de Juri Kajurow de Lenin, d'Claude Jade d'Roll vun der Inessa Armand.

Weider Filmer:

  • 1938: Человек с ружьём ("De Mann mam Gewier")
  • 1953: Великий воин Албании Скандербег ("De grousse Krieger vun Albanien Skanderbeg")
  • 1955: Отелло ("Othello")
  • 1957: Рассказы о Ленине ("Erziel mer vum Lenin")
  • 1966: Ленин в Польше ("De Lenin a Polen")
  • 1969: Сюжет для небольшого рассказа ("E Sujet fir eng kleng Erzielung")
  • 1981: Ленин в Париже ("De Lenin zu Paräis")

Um Spaweck änneren

Commons: Sergei Jutkewitsch – Biller, Videoen oder Audiodateien