Wladimir Semjonowitsch Wyssozki
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Wladimir Semjonowitsch Wyssozki (op Russesch: Владимир Семёнович Высоцкий), gebuer de 25. Januar 1938 zu Moskau, an och do gestuerwen de 25. Juli 1980, war e russesche Singer-Songwriter, Dichter an Theater- a Filmschauspiller[1][2].
Wladimir Semjonowitsch Wyssozki | |
---|---|
Gebuer |
25. Januar 1938 Moskau |
Gestuerwen |
25. Juli 1980 Moskau |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | UdSSR |
Educatioun | Moskauer Theaterschoul |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Liddermécher, Gittarist, Liddertexter, Komponist, Dréibuchauteur, Lidderschreiwer, Prosaist, Schauspiller, Sänger |
Famill | |
Bestuet mat | Marina Vlady |
Hien huet seng Theatercarrière 1960 ugefaangen[3], a säin Debut beim Film war am Joer 1959. Fir seng Roll am Film Plochoi choroschi tschelowek krut hien 1974 de Präis als beschte Schauspiller am Taormina Film Fest (IT)[4].
Allerdéngs hat de Wyssozki, dee Siwesäitegittar ("russesch Gittar") gespillt huet, méi Succès als Sänger, Dichter a Museker. Hie war e ganz beléifte Kënschtler an der Sowjetunioun, a war an ass Kultfigur an der lokaler Musekszeen. Vill vu senge Lidder goufen Zäit senges Liewens zenséiert[2]. Awer 1987 war hie posthum Laureat vum Staatspräis vun der UdSSR[3].
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ https://www.allmovie.com/artist/p181746
- ↑ 2,0 2,1 https://www.allmusic.com/artist/vladimir-vysotsky-mn0000722273/biography
- ↑ 3,0 3,1 Archive copy Archivéiert de(n) 01.04.2017. Gekuckt de(n) 26.01.2018.
- ↑ http://www.imdb.com/name/nm0904584/awards?ref_=nm_awd