Toi, le venin

Film vum Robert Hossein (1958)

Toi, le venin ass franséische Film vum Schauspiller a Regisseur Robert Hossein aus dem Joer 1958.

Toi, le venin
Film
Produktiounsland Frankräich
Produktiounsjoer 1958
Première 1958
Dauer 92 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Robert Hossein
Dréibuch Robert Hossein
no engem Roman vum
Frédéric Dard
Fotografie Robert Juillard
Musek André Hossein
Produzent Pierre Laurent
Schauspiller
Marina Vlady als Eva
Odile Versois als Hélène
Robert Hossein als Pierre Menda
Helena Manson als Amélie
Henri Crémieux als Dokter
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Déi zwou Schauspillerinnen déi Sëschteren am Film spillen, sinn och am richtege Liewen Sëschteren d'Marina Vlady an d'Odile Versois.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Pierre Menda (Robert Hossein) trëppelt an enger Summernuecht ouni Zil laanscht eng kleng Strooss op der Côte d'Azur. Op eemol hält e luxuriéise wäisse Cabriolet an d'Fra um Steier, vun där de Pierre just hiert laangt blond Hoer erkennt, invitéiert en eranzeklammen, deet sech ouni e Wuert ze soen aus a gëtt sech him hin.

Stënterlech gëtt him bedeit nees aus dem Gefier ze klammen, d'Fra versicht en z'iwwerrennen a mécht sech mam Auto aus dem Stëbs. De Pierre konnt sech awer d'Autosplack mierken a fënnt sou d'Haus vun de Besëtzer vum Auto, d'Famill Lecain.

De Pierre ass bass erstaunt wéi en d'Villa betrëtt, well do wunnen d'Eva an hir Sëschter d'Hélène Lecain, zwou jonk Frae mat laange blonden Hoer, déi sech bal wéi Zwillinge gläichen. D'Eva, déi méi jonk, sëtzt am Rollstull, mä dem Pierre kommen Zweiwel, eng Dräiecksbezéiung entsteet a mat der Zäit ginn d'Geheechnesser éischter méi grouss wéi méi kleng.

Um Spaweck änneren

 
D'Marina Vlady an d'Odile Versois an enger Zeen vum Film