Rodolphe Brimmeyr
Den Adelbert Rodolphe[1] Brimmeyr, gebuer de 25. Oktober 1834 zu Iechternach[2], an do gestuerwen den 9. Mee 1922[3], war e lëtzebuergeschen Apdikter, Cheemiker, Politiker an Auteur.
Rodolphe Brimmeyr | |
---|---|
Gebuer |
25. Oktober 1834 Iechternach |
Gestuerwen |
9. Mee 1922 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | Jean-Pierre Brimmeyr |
De 15. November 1856 ass hien zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. Hien hat zu Koblenz an zu München, wou hien 1857 promovéiert huet, studéiert[4]. Fir d'éischt Apdikter ouni Offizin, huet hie méi spéit sengem Papp, dem Jean-Pierre Brimmeyr, seng Apdikt zu Iechternach iwwerholl, déi hien 1879 un de Jean-Pierre Fischer verkaf huet, fir sech als Cheemiker an der Stad nidderzeloossen, wou hien e pharmazeutesche Labo bedriwwen huet.
Hie koum méi spéit op Iechternach zeréck[5], wou hie vum 13. Juni 1906[6] bis de 17. Abrëll 1914 (Demissioun[7]) Buergermeeschter war[8]. Vun 1905 bis 1920 war de Brimmeyr President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin[9].
De Rodolphe Brimmeyr huet sech fir Botanik a Geschicht intresséiert. Hie war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal[10]. Zesumme mam Henri Schintgen huet hie sengem Papp seng Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach erausginn; den 1. Band koum 1921, den 2. Band 1923, nom Doud vum R. Brimmeyr, eraus.
De Rodolphe Brimmeyr war zäitweileg Proprietär vum Lauterbuerer Schlass[11].
Publikatiounen
änneren- Brimmeyr, R. (1857). Ueber die Diffusion der Gase durch feuchte Membranen. München: J.G. Weiss. 27 S.; Inaugural-Dissertation. [2]
- Brimmeyr, J., Brimmeyr, Rodolphe, & Schintgen, Henri. (1921). Geschichte der Stadt und Abtei Echternach. Luxembourg: Imprimerie Centrale Gustave Soupert.
- Brimmeyr, J., Brimmeyr, Rodolphe, & Schintgen, Henri. (1983). Geschichte der Stadt und Abtei Echternach. Echternach: Imprimerie Burg.
Literatur
änneren- Anonymus, 2001. Personnagen: Rodolphe Adalbert Brimmeyr. Lëtzebuerger Journal 2001, Nr. 204 (25. Okt.): 21.
- Hess, J., 1952. Jean-Pierre Brimmeyr 1799-1876. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 4: 457-478. (R. Brimmeyr, S. 474-476). [3]
- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652. (R. Brimmeyr, S. 193).
- Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 p. (R. Brimmeyr, S. 17-18).
Referenzen
änneren- ↑ Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach. — Den Hess (1952), S. 474, schreift "Rodolphe Albert". Am Memorial (II) 1870, S. 194, steet "Adelbert-Rodolphe Brimmeyr". [1] De Kugener (2005), S. 193, schreift "Adelbert-Rudolph".
- ↑ Liez 1886, Hess 1952, Kugener 2005, Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Massard, Jos A., Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur. Apotheker und Professor in Echternach, in: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch 1841 - 1992, S. 482, Foussnott 5: Hess (1952): 476 gibt irrtümlicherwiese den 8. Mai 1922 als Todestag an, das richtige, im Zivilstandregister der Stadt Echternach kontrollierte Datum ist der 9. Mai 1922
- ↑ Anonymus 2001.
- ↑ Virdru hat hien eng Zäit laang zu Bollendorf gewunnt. Cf. M. Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Tome 1. Luxembourg 1902-1908, S. 116.
- ↑ Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Démissions de bourgmestres an: L'indépendance luxembourgeoise vum 25./26. Abrëll 1914
- ↑ Maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Impr. Burg, Echternach, S. 15.
Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 70 S. Published online. - ↑ Kugener 2005, S. 193.
- ↑ F. Wilhelm: Si Echternach m'était conté...(2): Les "châtelains" de Lauterborn après la Révolution française. Die Warte, 41, 4/1479, 28. Januar 1988, S. 4.