Yves Wengler

lëtzebuergeschen Politiker


Den Yves Wengler, gebuer de 4. Abrëll 1963 zu Iechternach, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker. Hie war vun 2015 bis 2023 Buergermeeschter vun Iechternach.

Yves Wengler
Gebuer 4. Abrëll 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Technesch Universitéit Kaiserslautern
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Liewen a Karriär änneren

Hien huet 1982 seng Première am Iechternacher Lycée gemaach an ass duerno op Kaiserslautern op d'Universitéit gaangen, wou hien 1988 säin Diplom als Elektroingenieur krut[1]. Zu där Zäit war hie Sekretär an duerno President vun der Association nationale des étudiants ingénieurs luxembourgeois (ANEIL)[1].

Vun Oktober 1996 bis Juni 2023 war den Yves Wengler Member am Iechternacher Gemengerot. Tëscht Dezember 2005 a Februar 2009 war hie Schäffen a vun 2015[2] bis 2023 Buergermeeschter. No engem Koalitiounswiessel, als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023, huet hie säi Mandat als Gemengeconseiller net ugeholl.[3]

Vu Juli 2001 bis Mäerz 2023 war hie President vum Syndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI)[4].

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 sigi.lu: Curriculum Vitae - Yves Wengler
  2. vb/ml/if: "CSV Echternach stimmt für Yves Wengler als Thiry-Nachfolger". wort.lu, 29.01.2015.
  3. "Nowéie vun de Gemengewalen: De Buergermeeschter-sortant Yves Wengler hëlt säi Mandat net am Gemengerot un." rtl.lu, 17.07.2023.
  4. SIGI: Yves Wengler trëtt als President zeréck. radio 100,7 (2023-03-22). Gekuckt de(n) 2023-07-18.