Joseph Thorn (Politiker)

lëtzebuergesche Jurist an Poitiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Jurist Joseph Thorn. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Thorn.

De Joseph (Jis) Thorn, gebuer de 5. November 1883 zu Iechternach, a gestuerwen den 10. November 1953 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergeschen Affekot an LSAP-Politiker.

Joseph Thorn
Gebuer 5. November 1883
Iechternach
Gestuerwen 10. November 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP

Vun 1913 bis 1917 war hien am Stater Gemengerot. Hie war Grënnungsmember vun der LSAP.

Hie war vum 14. Dezember 1945 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[1]

Fir un de Jis Thorn z'erënneren huet de Stater Schäfferot den 20. Abrëll 1964 decidéiert eng Plaz zu Märel no him ze benennen; d'place Joseph Thorn läit tëscht dem boulevard Marcel Cahen an der rue Charles Quint.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen