Orangerie
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Orangerie u sech. Fir de Film mat deem Titel, kuckt wgl. Orangerie (Film). |
Eng Orangerie ass e Gebai, dat gebaut gouf, fir doran Orangebeem an aner Planzen, déi de Frascht fäerten, am Wanter ënnerdaach ze stellen.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/16/Luxembourg_Mondorf_Orangerie_French-garden.jpg/220px-Luxembourg_Mondorf_Orangerie_French-garden.jpg)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/04/Echternach_Orangerie_01.jpg/220px-Echternach_Orangerie_01.jpg)
Ufanks huet den Ausdrock Orangerie sech am Franséischen op Uplanzunge vun Orangebeem (déi am Buedem stoungen) bezunn. Déi sinn am 16. Joerhonnert um franséische Kinnekshaff a Moud komm.
Den André Le Nôtre, Chef-Gäertner zu Versailles ënner dem Louis XIV., hat eng Kar entwéckelt, fir Beem a Kiwwelen ze transportéieren, a sou konnten se, fir se iwwer de Wanter ze versuergen, an d'Orangerie bruecht ginn.
Haut bezitt den Ausdrock sech bal nëmme méi op d'Gebai.
Orangerien zu Lëtzebuerg
änneren- Orangerie am Park vum Thermalbad zu Munneref
- Orangerie am Park vum fréiere Klouschter zu Iechternach
- Orangerie am Park vum Schlass Schengen[1]
- Fréier Orangerie vum Walfer Schlass[2], haut Campus Walfer vun der Uni Lëtzebuerg
Um Spaweck
ännerenCommons: Orangeries – Biller, Videoen oder Audiodateien |