Monument aux morts Iechternach

D'Iechternacher Monument aux morts, dat un d'Affer vum Zweete Weltkrich erënnert, steet nieft dem Hihof (rue du Pont) um Fouss vun der Parkierch Péitrus a Paulus.

Monument aux morts Iechternach
D'Iechternacher Monument aux morts
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Iechternach
Plaz Musée de préhistoire Hihof
Ageweit 12. Juni 1966
Architekt Henri Jegen

Den Iechternacher Architekt Henri Jegen huet d'Monument entworf. Et dréit als Opschrëft e Chronogramm vum Marcel Heuertz:

TRVCI DE RVINA ERECTA VRBE
VICTIMIS NOVATA SACRATVR ARX

De Chronogramm ergëtt d'Joer 1945. Iwwersat heescht en: "Operstanen aus senge freeschleche Ruinen, widmet d'Stad dës restauréiert Zitadell hiren Affer." Mat der restauréierter Zitadell ass den Hiwwel vun der Parkierch, dee mat mat sengen imposanten Maueren un eng Festung erënnert, gemengt.

D'Monument ass den 12. Juni 1966 ageweit ginn.

Literatur änneren

  • Société d'Embellissement, 1966. Echternach. Guide officiel de la Petite Suisse Luxembourgeoise et de la Basse-Sûre. 17e édition. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach (éd.), Luxembourg, Bourg-Bourger, S. 54-55.